Virun allem op den Theemen Ukrainkrich a wirtschaftlech Kompetitivitéit misst een an der EU virukommen. De Luc Frieden rechent mat enger Koalitioun tëschent den Uniounsparteien CDU/CSU an der SPD ënner engem Kanzler Friedrich Merz.
De Lëtzebuerger Premier geet dovun aus, datt de Friedrich Merz och op kleng Länner wéi Lëtzebuerg lauschtert, wann et zum Beispill ëm d'Theema Grenzkontrolle geet. Wéinstens fir d'Frontaliere misst een hei Léisunge fannen. Laangfristeg misst Schengen erëm fonctionéieren. Dofir missten an Däitschland och Äntwerten op d'Immigratiounsproblemer fonnt ginn "well déi hu sech och bei de Walen awer massiv ausgedréckt am Vott fir d'AfD".
Déi Lëtzebuerger Wirtschaft wier och ofhängeg vun där däitscher an dofir bräicht et elo "e bësse méi Energie" an der däitscher Wirtschaftspolitik. De Luc Frieden geet dovun aus, datt de Friedrich Merz dee wirtschaftlechen Opschwong - och mat senger Erfarung aus dem Privatsecteur - organiséiert kritt.