Schwaarz-rout war zwar de Wonsch vum Friedrich Merz an och vum Markus Söder, mee a Froe Wirtschaft, Migratioun an och bei baussen- an Europa-politesche Froe wiere béid Koalitiounspartner op gréisser Kompromësser ugewisen. Déi zwou Parteien hätte sech a leschter Zäit éischter vunenee fortbeweegt, esou den Uwe Jun. D'Regierungsbildung bis Ouschtere wier deemno eng Erausfuerderung.
Knapp Majoritéit mat 12 Mandater
Och wann d'Sozialdemokraten als de grousse Verléierer schéngen, dierft een net vergiessen, datt d'SPD zënter 1998 bal onënnerbrach an der Regierung war. Eng Zweeerkoalitioun aus schwaarz-rout wier also kee komplette Regierungswiessel, wéi vill Wieler:inne sech dat gewënscht hätten.
Den Uwe Jun gesäit duerchaus Schwieregkeete beim Fanne vu Kompromësser.
"Die Frage wird nur sein, wo findet man die Kompromisse, wie schnell findet man die Kompromisse und wie stabil am Ende werden diese Kompromisse sein?"
Bei de Membere vun der SPD wier de Friedrich Merz net wierklech populär.
Regierungsbildung: Fluch oder Seege fir d'SPD?
Zënter zwee Joerzéngte géif een d’Sozialdemokrate gesinn ënnergoen. An dem Prozess wier um Sonndeg den Déifpunkt mat ronn 16 Prozent gewiescht. Et sief drun erënnert, datt d'SPD ënner dem deemolege Kanzler Gerhard Schröder emol bei 40 Prozent louch.
Vun de geplangte Personalchangementer weist de Politikwëssenschaftler sech net iwwerrascht. Den SPD-Chef Lars Klingbeil soll Fraktiounschef ginn.
"Und Klingbeil wäre sicherlich da ein Kandidat, der die nötige Erfahrung mitbringt."
AfD als gréissten Oppositiounspartei
An Zukunft kéint ee gesinn, datt d'AfD nach méi selbstbewosst wäert optrieden an nach méi Drock op d’Regierung wäert maachen, esou den Uwe Jun. Doduerch kéint de Wettbewerb nach méi polariséiert ginn.
TikTok, Instagram a Co
Eng wichteg Léier, déi een aus dëser Wal kéint zéien, wier déi, wéi wichteg sozial Medien och an der Politik gi sinn. Grad bei jonke Leit hätten déi sozial Medien en Afloss op d'Entscheedungen. Dat hätt een an dëser Wal souwuel bei der AfD wéi och bei die Linke gesinn. Do wier d'Spëtzekandidatin Heidi Reichinnek vun die Linke scho bal eng Popfigur. Et dierft een awer och net vergiessen, datt d'Ofstëmmunge vum Friedrich Merz zesumme mat der AfD de Lénken an d'Kaarte gespillt hätt. Doduerch hätten die Linke sou vill Leit kënne motivéiere fir fir si ze wielen.
FDP hätt ni sollen Deel vun der Ampel ginn
D'FDP ass eraus an de Christian Lindner wëllt sech eegenen Aussoen no aus der Politik zeréckzéien. Fir den Uwe Jun war der FDP hire Bäitrëtt an d'Ampel fir si hire gréisste Feeler. D'Wielerinnen a Wieler vun der FDP wieren nach ni frou mat där Koalitioun gewiescht. Dat kéint een och gutt doru festmaachen, datt d'FDP e Groussdeel vun hire Wielerinnen a Wieler un d'CDU an un d'AfD verluer huet.