Radioen

On air

Notturno  |  Michael Nau - Scumways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Unioun an SPD eens: Upassunge vun der Scholdebrems fir grouss Investitiounen

Fortschrëtter an de Koalitiounsgespréicher

Unioun an SPD eens: Upassunge vun der Scholdebrems fir grouss Investitiounen

Den Dënschdeg den Owend si sech d’Spëtze vun Unioun an SPD op engem zentrale Punkt vun de Sondéierungsgespréicher fir eng nei däitsch Regierung eens ginn. Duerch eng Upassung vun der sougenannter Schuldenbremse wëllen Unioun an SPD an Zukunft grouss Depensë fir d’Verteidegung, mee och fir d’Infrastruktur stemmen. Haut um Mëttwoch waren d’Parteispëtzte beim Olaf Scholz, fir de Bundeskanzler iwwert de Finanzpackage z’informéieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Markus Söder, Friedrich Merz, Lars klingbeil a Saskia Esken | © picture alliance/dpa | Kay Nietfeld play_arrow
Markus Söder, Friedrich Merz, Lars klingbeil a Saskia Esken (Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld)

Wann déi europäesch Staats-a Regierungscheffe muer um Donneschdeg zu Bréissel iwwert d’Sécherheetslag an Europa schwätzen, dann huet den däitsche Kanzler e grousse Package an der Valiss. Oder, besser gesot: Hien huet d’Aussiicht dobäi, datt Däitschland sech un der europäescher Verteidegung an Zukunft ka bedeelegen.

Dat, well Unioun an SPD an hire Sondéierungsgespréicher den Dënschdeg decidéiert hunn, massiv an d’Verteidegung an an déi däitsch Infrastruktur z’investéieren.

Unioun an SPD sinn op déi Gréng oder op d'FDP ugewisen

Dem Kanzler huet de Friedrich Merz, zesumme mam CSU-Landesgruppechef Alexander Dobrindt an der SPD-Duebelspëtzt Lars Klingbeil a Saskia Esken d’Pläng presentéiert. Fir datt déi vun Unioun an SPD awer tatsächlech kënnen ëmgesat ginn, muss de Bundestag – an zwar nach a senger aler Zesummesetzung – nach mat enger Zweedrëttel-Majoritéit d’Verfassung änneren. Dobäi sinn déi zwou Parteien, déi déi nächst Regierung wëlle stellen, op Hëllef ugewissen - zum Beispill vum B90/Die Grünen oder der FDP.

Eng Garantie, datt déi dat matdroen, gëtt et net – am Walkampf hat de Friedrich Merz sech nämlech ganz däitlech géint eng Reform vun der Schuldenbremse, an och géint d’Ophuele vun esou vill nei Scholde positionéiert. Besonnesch d’Pläng vun SPD a Gréngen hat hien an deem Kontext ëmmer nees ridiculiséiert.

Lauschterenplay_arrow