Radioen

On air

Notturno  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland: Koalitiounsverhandlunge kommen an decisiv Phas

Unioun an SPD

Däitschland: Koalitiounsverhandlunge kommen an decisiv Phas

An Däitschland ginn d’Koalitiounsverhandlungen tëschent der Unioun an SPD an déi decisiv Phas. Bis Enn leschter Woch hu 16 Aarbechtsgruppe schonn no Kompromësser gesicht, elo sinn d'Chefverhandler:innen un der Rei. 

auto_stories

2 min

headphones

4 min

Friedrich Merz a Lars Klingbeil | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)

Zu de 19 Persounen, déi de Koalitiounsaccord sollen zesummeschreiwen, gehéieren och déi véier Parteicheffen. De Friedrich Merz fir d'CDU, de Markus Söder fir d'CSU, an d'SPD-Spëtzte Lars Klingbeil a Saskia Esken.

D'Aufgab vun de Chefverhandler:inne wäert elo sinn, d'Propose vun den Aarbechtsgruppe festzezéien. Do géif et nach Aarbecht ginn, sot de Friedrich Merz e Samschdeg.

Lauschterenplay_arrow

Onkloer, wéi genuch Sue fir reguläre Budget zesummekommen

Bei verschiddenen Theemen si sech Unioun an SPD scho gréisstendeels eens. Déi sougenannte Mietpreisbremse, déi d'Loyerspräisser soll schützen, gëtt zum Beispill verlängert. Och iwwer eng Reform vun der Deutsche Bahn a Subventioune fir Elektromobilitéit si sech d'Parteien eens.

Grouss Knackpunkte sinn awer nach d'Migratiounspolitik an d'Finanzen. Zwar wäert déi nei Regierung duerch déi historesch Ofstëmmungen am Bundestag dëse Mount méi Scholde kënnen ophuele wéi an der Vergaangenheet. Wéi Unioun an SPD awer am reguläre Budget genuch Suen zesummekréien, ass nach oppen.

Lauschterenplay_arrow

Iwwer de Weekend hu sech d'Verhandler:innen zouversiichtlech gewisen, datt si sech bis Ouschtere wäerten eens ginn. Deen Zäitplang hat de Friedrich Merz no der Bundestagswal ausgeruff an hält, obwuel nach vill Diskussiounsbedarf do ass, och weider doru fest. 

Explikatioune vun 100,7-Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch

Lauschterenplay_arrow