Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Syvicol begréisst Amendementer um Projet de loi fir privat Sécherheetsfirmen

Gemengeverband

Syvicol begréisst Amendementer um Projet de loi fir privat Sécherheetsfirmen

De Gemengeverband Syvicol begréisst weiderhin de Projet de loi iwwer privat Sécherheetsfirmen. An deem soll méi prezis definéiert ginn, wat privat Sécherheetsagenten dierfen an net dierfen, virun allem wat ëffentlech Veranstaltungen ugeet.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Syvicol | © Syvicol play_arrow
Syvicol (Foto: Syvicol)

Schonns 2022 hat de Syvicol en Avis zu deem Projet de loi ginn, an deem een drop higewisen hat, datt ee verschidde Begrëffer méi genee misst definéieren. Déi parlamentaresch Amendementer déi elo komm sinn, wieren ze begréissen, resüméiert d'Elisabeth Becker vum Syvicol. Notamment den Delai fir Veranstalter fir Beamten unzefroen, déi um Evenement dobäi solle sinn. Den Delai läit elo bei dräi Méint am Plaz ufanks aacht Deeg.

Elo hätt d'Gemeng dräi Méint Zäit fir mat den Organisateuren ze kucken, ob Upassunge musse gemaach ginn oder net, esou d'Elisabeth Becker.

Lauschterenplay_arrow