Dee Virgank ass jo op eng Aggressioun zréck gaangen, där sech de François Georges dem Norbert Conter géintiwwer schëlleg gemaach hätt. Den Ex-Direkter dementéiert awer formell all Form vun Aggressioun.
„Ech sinn aggresséiert ginn, an net fir d’éischt, vum Här Conter.“, seet de François Georges bei sech doheem an der Stuff um Ufank vum Gespréich. Den Ausléiser vum Sträit war e Bréif un de Landwirtschaftsministère. Dowéinst wier sech op béide Säiten, Zitat, „echaufféiert ginn“:
"Ech hätt mech net sollten opreegen. Ech hunn effektiv haart geschwat, mee ech sinn net un de Mann gaangen."
Et hätt och kee missen dotëscht goen, betount den Ex-Direkter; et hätt sech just eng Persoun virun hie gestallt a gesot, hie sollt sech berouegen. De François Georges confirméiert, dass et en Antecedent gouf, awer mat der Famill Conter. Hien hätt sech deemools opgereegt, wier awer fortgaangen.
E Problem vu Gouvernance
Et wier eng Béiswëllegkeet vum LCGB-President Patrick Dury, fir ze soen, hien hätt sou eppes an 30 Joer nach net gesinn. Dobäi hätt hien, François Georges, op d’mannst zanter engem hallwe Joer keng Reunioun méi eleng mam Norbert Conter gemaach. Bei ProActif gesäit de Mann e grousse Problem vu Gouvernance, woubäi eng Sàrl, dem Gesetz no, onofhängeg ze geréiere wier:
"Et ass net nëmmen de Problem, datt dee Lien hiérarchique am LCGB besteet, mee da kënnt och nach de Lien familial dobäi, datt mer dräi Membere vun der Famill Conter do sëtzen hunn, am Verwaltungsrot. Do muss ee sech awer d’Fro stellen: Gehéiert hinnen de ProActif?“
Neen, äntwert den ofgesaten Direkter: Well d’Beschäftegungsinitiativ zu 80 % vum Steierzueler géif finanzéiert ginn, géif ProActif dem Land gehéieren. D’Initiativ hätt e rezenten Audit vum Aarbechtsministère och haut la main gepackt, wat beweise géif, datt d’Direction journalière fonctionnéiert hätt:
„Mee da geet een dach net den Direkter erausgeheien."
Premier Luc Frieden huet net wëlles anzegräifen
Den Norbert Conter hätt sech ëmmer agemëscht an d’dagdeeglecht Geschäft. De François Georges huet an deem Kontext gefuerdert, datt sech de Premier, wéinst dësem Problem vu Gouvernance, ëm de Sujet bekëmmere sollt; op eis Nofro hin huet de Luc Frieden awer geäntwert, dat net wëlles ze hunn.
Zréck bei den Ex-Direkter, deen op den Ënnerscheed insistéiert tëscht ProActif an de CIGLen, déi enger Gemeng gehéieren, hir Sue vun do kréien a vun där kontrolléiert ginn:
„An enger Gemeng, do gëtt et e Buergermeeschter, e Schäfferot, an dat si Leit, déi si gewielt vum Vollek. An déi decidéieren, wat an deem CIGL geschitt. Bei ProActif ass dat net de Fall."
Decisioun laanscht de Verwaltungsrot geholl
Den Norbert Conter hätt eleng decidéiert, hien erauszegeheien, laanscht de Verwaltungsrot. Dee wier eréischt an enger zweeter Phas pour information zesumme geruff ginn. Du war e Bréif geschriwwe gi vum Affekot Jean-Marie Bauler, Member vum Verwaltungsrot:
"Ech weess net, wat de Barreau doriwwer ze soen huet. Do besteet och erëm eng Kéier e Problem vu Gouvernance."
An deem Bréif wier ënner anerem Rieds vu Violences physiques, wouropshin de François Georges, erausgehäit gi wier mat engem Preavis vun zwee Méint:
"Mee wann ee vu Violences physiques schwätzt, da schwätzt ee vun enger Faute grave."
Hei géifen zwou Saache probéiert ginn: engersäits géif d’Géigesäit vu Faute grave schwätzen, ouni se ze invoquéieren, an anerersäits sollt et ausgesinn, wéi wann et eng normal Entloossung wier. „Wat heescht dee Bréif?“, freet den Ex-Direkter.
All Illusioune verluer
D’Sue vum Steierzueler wieren net do fir Bullisschluechten an der Press, mee dofir, datt d’Initiativ gutt fonctionéiert. Den LCGB géif sech menacéiert fillen an dofir sou ronderëm sech schloen. D’Gewerkschaft géif en Accord mat him negociéieren, mat Sue vum Steierzueler.
Säin Affekot hätt gëschter virun enger Woch d’Grënn vu senger Ofsetzung gefrot an den LCGB huet elo 30 Deeg Zäit, fir dorop ze äntweren. Et wier mat Bulli op hie gehäit a probéiert ginn, hie kapott ze maachen. U sech misst hien als Member vum LCGB geschützt, sollt awer elo aus der Gewerkschaft ausgeschloss ginn.
Hien hätt op alle Fall all Illusiounen, wat d’LCGB-Direktioun ugeet, verluer.
Hie géif sech awer erwaarden, datt den LCGB eng éierbar Gewerkschaft wier, déi hir Membere verdeedege géif, seet de François Georges um Enn.
Norbert Conter: Kompass komplett verluer gaangen
Hien hätt es genuch, huet den Norbert Conter op d’Aussoe vum François Georges reagéiert. Et wär ee wäit ewech vu Mobbing vu senger Säit, sou de President iwwer den Ex-Direkter dee "ganz einfach litt.“ Dee kéim och net méi zréck, well et wéilt kee méi mat him schaffen.
De Kompass beim François Georges wier komplett verluer gaangen an dat, wat geschitt ass, wär net fir d’éischt geschitt, huet den Norbert Conter nach op Nofro hi geäntwert.