Zu sonnegen Nomëtteg dobaussen, Grillowenter am Park oder Gaart, oder engem Picknick um Séi oder an der Schwämm, gehéieren - ob een et wëll oder net - och Harespelen dobäi. Mee Harespele sinn net just lästeg Insekten. Wann ee gepickt gëtt an eng allergesch Relatioun mécht, kënne se ganz schéi geféierlech ginn.
D’Lieke Mevis ass Biologin an Harespelsberoderin bei natur&ëmwelt. Si erkläert, datt et hei zu Lëtzebuerg 15 verschidden Harespelsaarte ginn, mee just 2 dovunner kënnen effektiv problematesch fir de Mënsch ginn.
Dréchent Fréijoer begënschtegt d'Ausbreedung
Wéi vill Harespelen et an engem Joer ginn, hänkt vum Wieder of, wéi Lieke Mevis erkläert. En dréchent Fréijoer, an deem et gläichzäiteg awer fiicht genuch ass, datt et genuch Narung gëtt an d’Harespelen hir Näschter kënne bauen, begënschtegt de Wuesstum vun engem Harespelsvollék.
Harespele si gutt Jeeër a Bestëbser
Net ze vergiesse wier och, datt Harespelen e wichtege Facteur am Ekosystem spillen, esou d’Biologin.
"Dat heescht engersäits si si eng Narungsquell fir aner Déieren, déi si dann eebe friessen, vu Villercher iwwer Mamendéieren."
Harespele sinn awer och gutt Jeeër a kontrolléieren an deem Fall d’Ausbreede vun aneren Insekte-Populatiounen, wéi vu Raupen oder Blatlais. An wat een och net dierf vergiessen ass, datt Harespelen esou wéi d’Beien och Bestëbser sinn, an deemno eng wichteg Roll bei der Bestëbsung vun de Planze spillen.
Roueg bleiwen
Wann eng Harespel engem ze no kënnt wier et wichteg, einfach roueg ze bleiwen, esou d’Lieke Mevis.
"A sech virun Aen ze halen, dat d'Harespelen u sech net un eis interesséiert sinn, mee just un eisem Iessen."
Beim Gedrénks wier et ganz wichteg, entweeder d'Glieser ofzedecken, oder - wann een aus enger oppener Fläsch oder Béchs drénkt - ëmmer fir d'éischt ze kucken, ob net eng Harespel dra setzt. Well an deem Moment, wou ee riskéiert, vun enger Harespel an de Mond oder Hals gepickt ze ginn, kéint et wierklech geféierlech ginn.
Bei allergescher Reaktiounen direkt den 112 ruffen
Wann een eng Allergie mécht, da géif een dat normalerweis wierklech séier mierken, an an deem Moment sollt een och net zécken an direkt den 112 ruffen, esou d'Harespel-Beroderin vun natur&ëmwelt. Eng allergesch Reaktioune géif sech an dem Sënn bemierkbar maachen, datt - änlech wéi bei Heeschnapp - een e Kribbelen op de Schläimhait spiert an dës och d'uschwëlle.
Kribbelen op de Schläimhait
"Dat heescht, wann ech elo un der Hand gepickt ginn an déi schwëllt un, dann ass dat u sech eng normal Reaktioun", esou d'Beroderin. Mee wann een un der Hand gepickt gëtt an et spiert een e Kribbelen op de Schläimhait an d’Schläimhait schwëllen un, dann hätt een eng allergesch Reaktioun, an da soll een eben och direkt den Dokter ruffen.
Wann ee gepickt ginn ass, gëllt soss am beschten direkt killen. Direkt no de Stéch kann och e staarken Alkohol oder Hëtzt hëllefen. Esou zersetze sech d’Molekülle vum Gëft an d'Reaktioun gëtt net esou staark. D’Lieke Mevis recommandéiert hei extra Hëtze-Stëfter, déi een an der Apdikt oder Drogerien ze kafe kritt.
"Et gëtt effektiv och esou kleng Porte-de-clén, wou déi dru sinn. Dat ass ganz praktesch."
Wann een en Harespelsnascht bei sech doheem entdeckt, soll een de Risiko, dee vun den Insekten ausgeet, ofweien. Bei Allergiker ass deen notamment héich. Wann ee keng Allergie huet an een en Nascht zum Beispill an enger Rollluedekëscht huet, kéint ee sech awer och mat engem Gitter an der Fënster hëllefen. D’Näschter géifen nämlech mat Pestizide fort gemaach ginn, an dës wieren och schiedlech fir de Mënsch an d’Natur.
Haaspele stinn ënner Naturschutz
D'Pompjeeë fueren och net méi raus, fir Näschter ewech ze maachen, ausser wa wierklech eng akut Gefor besteet. Am Normalfall ass e Schädlingsbekämpfer dofir responsabel. Haaspele stinn ënner Naturschutz. An hirer Fortplanzungsphas dierfen d'Näschter an der Reegel net fort gemaach ginn.