Dat éischter onbekannte Krankheetsbild huet den Numm: Alpha-Gal-Syndrom. An Europa ass d’Syndrom éischter rar. An den USA si 450.000 Fäll bekannt. An och zu Lëtzebuerg ginn et Fäll. De Luxembourg Institute of health (LIH) wëllt elo méi iwwer d’Krankheetsbild gewuer ginn a rifft dowéinst d’Leit hei am Land dozou op, sech no engem Zeckebass ze mellen.
Hautausschlag oder Duerchfall
Dacks sinn d’Symptomer, wéi zum Beispill en Ausschlag, schwéier anzeuerdnen, erkläert d’Fuerscherin Christiane Hilger (LIH).
“Déi Allergie äussert sech net wéi aner Liewensmëttelallergien. Et reagéiert een net direkt nom iessen. Hei kann et wierklech 2-6 Stonnen daueren, bis ee wierklech Symptomer kritt. Dat kann en Hautausschlag sinn oder Verdauungsproblemer, wéi Duerchfall.”
An enger Etüd hat de Luxembourg Institute of Health schonn erausfonnt, datt déi Allergie vill méi present ass bei Leit, déi vill vun Zecke gebass ginn, zum Beispill bei Bëschaarbechter.
Ënnert hinne kënnen 22-30 Prozent vum Alpha-Gal-Syndrom betraff sinn. Wat genee déi verschidde Risikofacteure sinn fir dëst Syndrom ze entwéckelen, dat wëllt een elo iwwer deen aktuellen Opruff erausfannen.
D'Reaktioun vum Immunsystem erfuerschen
Et géif elo drëm goen, genee erauszefanne wat no engem Zeckebëss geschitt. Et wëllt een tëschent enger normaler Ofwierreaktioun an der Bildung vu speziellen Antikierper ënnerscheeden.
“Dofir wëlle mir Leit ganz fréi no engem Zeckebëss rekrutéieren an eng Bluttanalyse maachen, fir ze kucke wéi d’Immunsystem reagéiert.”
Geplangt ass, datt déi Fräiwëlleg, déi matmaachen, an Ofstänn vun e puer Méint eng Bluttprouf maachen.
Méi Informatioune wéi een un där Etude vum LIH deelhuele ka ginn et op lih.lu.
D’Telefonsnummer op där een uruffe kann, direkt nodeems ee gebass gouf: 26 970 400 oder per Mail un immunogal@lih.lu