arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Campagne "Gielt Band - Hei dierft Dir plécken"

Manner Bëtz

|
headphones

2 min

Campagne "Gielt Band - Hei dierft Dir plécken"

All Joer fale kiloweis Friichte vun de Beem. Wa kee se pléckt oder opreeft, gi se faul. Och dëst Joer wëllt de Landwirtschaftsministère, zesumme mam Naturschutzsyndikat SICONA mat der Aktioun "Gielt Band – hei dierft Dir plécken" en Zeeche géint Liewensmëttelverschwendung setzen.

headphones

2 min

© MA
(Foto: MA)

Proprietäre vu Bongerten oder Uebstbeem, déi hir Friichten net selwer notze kënnen oder wëllen, kënnen dës Beem mat engem giele Band markéieren. Doduerch soll signaliséiert ginn: Hei dierf d'Uebst gepléckt ginn. De Frank Sowa vum SICONA erkläert, wéi dës Aktioun genee funktionéiert.

"Wann de Proprietär, deen dat Uebst op sengem Terrain stoen huet, seet, ech hunn d'Beem zwar gär stoen, mee ech kréien d'Uebst net genotzt, da kann hie sech bei der Aktioun Antigaspi mellen an dann do eraginn: Ech hunn hei esouvill Beem. An op där anerer Säit kritt hien dann e giele Bändchen. Domat kann hien seng Beem da markéieren, an dann offiziell de Leit no bausse signaléieren: Déi Beem hei op mengem Terrain, do dierf der drop kommen an dat Uebst, wat dorop wiisst, plécken."

Dobäi spillt et keng Roll, ob den Terrain Privatleit, enger Gemeng oder dem Staat gehéiert, esou nach de Frank Sowa.

Manner Bëtz a méi Regionalitéit

Zil vun der Campagne ass et, Liewensmëttelverschwendung ze verhënneren an d'Leit erëm op de Goût vu regionalem Uebst ze bréngen. Effektiv géif nämlech vill Uebst net gepléckt ginn, erkläert de Frank Sowa.

"Stand elo stinn eng 150.000 Uebstbeem am Lëtzebuerger Land, et ware mol eng Kéier 1,2 Millioune Beem. Dat meeschten Uebst dovun ass a sech genotzt ginn, fir ze brennen, do geet am Fong déi meeschte Quantitéit derduerch oder och fir Cider ze maachen. Mam anere Konsumverhale vun de Leit, och dem Alkohol géigeniwwer, ass einfach manner Alkohol gebraucht ginn."

Well Alkohol awer dunn och op anere Plaze méi bëlleg konnt hiergestallt ginn, gouf den Notze vun deene Beem e bësse vergiess. Et wollt kee méi déi Beem, et wier vill Aarbecht fir se ze ënnerhalen, a wann ee keen Notzen huet, hätt ee se ëmfale gelooss oder einfach ofgeholzt, well se gehënnert hunn, esou nach de Frank Sowa vum SICONA.

Iwwer d'Internetsäit antigaspi.lu kann ee gesinn, wou déi markéiert Beem an de Gemengen, déi matmaachen, stinn.