Dem Guy Bley no géife beim esougenannte Retour d’expériences awer ëmmer Saachen opfalen, déi ee besser kéint maachen. Am Kader vun der nationaler Risikoanalys wieren d’Haaptrisike gekuckt ginn, mee en Zenario, wéi deen doten, wier net do dran, erkläert de Guy Bley.
"Dat ass eppes, wat och nach ni de Fall war, datt mir esou e Groussbrand an engem Nopeschland haten. An der Hisiicht hate mir keen direkte Plang. Mir hunn awer Prozeduren oder Aart a Weisen, zesummen ze fonctionéieren, déi fir all méiglech Situatiounen ëmmer awer prett sinn a sech och kënnen adaptéieren."
De CGDIS hätt fir d’éischt vun e puer wéinege Plaze matgedeelt kritt, datt et eng Dampentwécklung do géif ginn. Doropshi wier d’Evaluatiounscellule vun der Regierung zesumme komm fir sech ze concertéieren.
D'Fro vun der SMS
Datt e Sonndeg de Mëtteg eng SMS mam Message erausgoung, datt et schlecht riche géif, géif an Nopeschlänner net anescht geschéien, seet den Haut-Commissaire à la Protection nationale.
Allerdéngs gouf et zum Beispill an Däitschland, a Rheinland-Pfalz, schonn e Samschdeg eng Benorichtegung mat enger Warnung vu schlechter Loft an der Recommandatioun, d'Fënsteren an d'Dieren zouzeloossen, erziele vill Grenzgänger:innen.
Virgëschter am Nomëtteg koum déi Cellule zesummen, wou d'Miessstatiounen nach ënner de Grenzwäerter loungen, betount de Guy Bley.
"Mir si ganz fréi do zesummekomm a mir hunn du schonn an deem Moment decidéiert, preventiv e Message a Recommandatiounen erauszeginn, well een net konnt ausschléissen, datt iwwer d'Nuecht déi Wäerter géifen an d'Luucht goen. Wat jo och dunn de Fall war."
Situatioun weider am A behalen
Datt d'Gemengen hir Populatioun virun der Regierung gewarnt hunn hätt domat ze dinn, datt den Damp do "vläicht méi staark gesi gi" wier. Selwer hätt een dat ganzt Land am A, an do wier d’Situatioun op all Plaz anescht.
Wat d’Bëschfeieren an den Hautes Fagnes aktuell ugeet, wier de Wand de Moment fir de Grand-Duché favorabel. Et géif een d’Situatioun awer weider am Bléck behalen.