Dem CSV-Schäffen no, goufen et op der Websäit 500 Dausend Consultatiounen an op de Sozialreseauen 7,5 Millioune Vuen.
D’Ausstellung sollt nohalteg sinn an d’Installatiounen um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg sollen zum Deel gehale ginn, erkläert de Maurice Bauer.
"Notamment déi schéi Gäert, wann een aus der Fondation Pescatore erauskënnt op der lénkser Säit, déi gi gehalen. Do schaffe mer zesumme mat der Fédération Horticole, fir datt déi och weiderhin déi ënnerstëtzen. Mir wëllen och eng Rëtsch Saachen halen. Ënnen a Clausen, do sinn déi Äscht. Do huet ee Privatmann gefrot, fir dat kënne weiderhin ze ënnerhalen an dee krut dat dann och offréiert. Et sinn awer och eng Rëtsch Saachen, déi mer net halen, zum Beispill an der Péitruss vis -à -vis vun dem neie Kiosk, dee mer do opgemaach hunn, do war esou eng Rëtsch Gäertecher, sou klenger. Do si mer vun der Fondation Blannevereenegung vu Miersch gefrot ginn, ob si déi kéinten iwwerhuelen. Dat hu mer do accordéiert."
Wéi vill d’LUGA schlussendlech kascht huet, kéint ee fir den Ament net soen, wëll et nach Dépense gëtt bis datt den Ofbau ganz ofgeschloss ass, esou nach de Maurice Bauer.