Den aktuelle Kontrakt leeft bis 2034. Elo awer huet den Haff, wéi RTL schreift, schonn am Mäerz proposéiert, déi Konventioun ze kënnegen: De Grand-Duc wéilt an de Bësch investéieren.
Ënner anerem Sport an Educatioun an de Virdergrond stellen
D'Iddi wier et, e Programm op d'Been ze stellen, deen der Fräizäit, dem Sport, mee och therapeuteschen an edukativen Aspekter zegutt kënnt, esou RTL.
Dobäi sollen d‘Revenuen aus der Bëschwirtschaft an d‘Fondatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse fléissen.