Trotz der rezenter Kritik u Minett-Kompost wier et “e wichtege Partner” fir den Ëmweltministère. Dat seet de Gilles Biver, deen héije Beamten an deem Ministère ass.
De Minett-Kompost läit zu Monnerech a geréiert den Offall vun 20 Gemengen.
Kritik ass et awer elo ginn, well Minett-Kompost anscheinend Schmotzwaasser an de Kanal an an eng Baach lafe gelooss soll hunn.
"Esou eppes ass eigentlech guer net méi autorisabel"
De Gilles Biver erkläert am 100,7-Interview, datt tatsächlech “e puer Incidenten” festgestallt goufen.
“Engersäits, datt esou eng Cuve gebotzt gouf, wou dann organescht Material mam Waasser an eng Niewebaach gelaf ass, déi dann an d'Kiemelbaach an domadder an d'Uelzecht och leeft. Dat heescht eng punktuell Direktverknaschtung.”
De gréissere Virworf wier awer deen, datt permanent Presswaasser iwwer eng Drockleitung an de Kanal leeft a vun do aus an d’Kläranlag vu Schëffleng. “Esou eppes ass eigentlech guer net méi autorisabel”, seet de Gilles Biver.
Et ass net fir déi éischte Kéier, datt Inconformitéiten opgefall sinn.
De Problem vun der Kläranlag
Presswaasser ass d’Flëssegkeet, déi erauskënnt, wa Biooffall gepresst oder verdicht gëtt.
“Vun dohier musse mir dat eng Kéier klären. Dat heescht, wat werfe mir vir: déi Mise en conformité musse mir elo eng Kéier ugoen.”
Minett-Kompost seet zum Punkt mam Kanal, datt eng Separat Leitung iwwer e Bypass geplangt war, déi awer ni gebaut ginn ass. Dofir kéint een hinne kee Virworf an deem Punkt maachen.
De Gilles Biver versteet déi Argumentatioun, betount awer nach emol, datt déi aktuell Situatioun e grousse Problem duerstellt. Dat, well d’Kläranlag op haislecht Ofwaasser spezialiséiert ass, net awer op Ofwaasser, dat vun engem Kompost kënnt.
“Dat gehéiert esou net op déi dote Kläranlagen, déi geréit doduerch och op hir Limitten. (...) Dat anert ass awer och nach, datt eng Zort Réckstau kann entstoe wa vill Fracht kënnt, vum Minett-Kompost aus, hunn eis Experte festgestallt, dass et dann do iwwer en Iwwerlafbecken eeben an déi Kiemelbaach direkt ausschëtt, wat jo awer schonn hindeit, datt et technesch Problemer hei ginn.”
En zweet Iwwerlafbecken als Deel-Léisung?
De Minett-Kompost huet als mëttelfristeg Ambitioun, guer net méi op eng Kläranlag ugewisen ze sinn. D’Ofwaasser soll weiderverschafft ginn. Dat wier och en Zil vum Ëmweltministère, verséchert den héije Beamte Gilles Biver. Et kéint een zum Beispill Dünger aus dem Presswaasser maachen.
De President vu Minett-Kompost, de Jeannot Fürpass, argumentéiert och, datt wann et en zweet Iwwerlafbecke géing ginn, näischt an d’Baach iwwerfléisse kéint. Deem stëmmt de Gilles Biver och zou, seet awer och, datt domat den éischte Problem nach ëmmer net geléist ass.
“Deen anere Problem bleift nach ëmmer bestoen, datt dat dote Waasser esou net op déi Kläranlag zu Schëffleng gehéiert.”
Minett-Kompost leet Recours gracieux an
Elo huet Minett-Kompost vum Ëmweltministère e bëssen d'Messer op d'Broscht gesat kritt mat der Opfuerderung, bannent 30 Deeg de Problem ze léisen. Do seet de President vum Minett-Kompost, datt dat beim beschte Wëllen net dra wier. Dat hätt hien dem Ministère och schonn ugedeit, esou de Gilles Biver.
Den 22. Juli ass et eng Entrevue tëschent béide Säite ginn. De Ministère hätt do nach emol kloer gemaach, datt een esou net weiderfuere kéint.
“Déi Mesure urgente, déi mir hei elo ausgeschwat hunn, do ginn et eebe gewëssen Delaien. An elo muss dann de Bedreiwer an deenen do och äntweren. Wat sinn déi nächst Schrëtt elo? Hien huet 30 Deeg Zäit, fir eis do ze äntweren.”
Nach d’lescht Woch wier een am Echange gewiescht. De Jeannot Fürpass hätt do gesot, datt een elo e Recours gracieux géing aleeën, wou een “dat Ganz nach emol consideréiere” wéilt.
Alleguer d'Acteuren op engem Dësch versammelen
De Gilles Biver betount, datt et sech bei der Affär net ëm “eppes Klenges” handelt, mee datt och déi ganz Anlagen, déi betraff sinn, “gréisser Installatioune sinn, déi een net vun haut op muer ouni Weideres kann ëmstellen.”
Et wäert also warscheinlech méi laang wéi 30 Deeg daueren, bis sech eppes ännert.
Datt Minett-Kompost elo seng Diere muss zoumaachen, dat steet allerdéngs net zur Debatt. Dat wier fir keen eng Optioun, verséchert de Gilles Biver. Et misst een no vir kucken an all Acteuren op engem Dësch versammelen. Dat betrëfft och d’Ingenieure vu Minett-Kompost, de Kläranlagebedreiwer SIVEC an Experte vun der Ëmwelt- a Waasserverwaltung.
“De Minister Serge Wilmes huet och scho gesot, mir maachen do elo den Aarbechtsgrupp. Et gëtt och e Groupe de suivi fir den Aus- an Ëmbau vum Minett-Kompost weiderzedreiwen, fir sech konform och ze setzen.”
Et wäert kuerzfristeg wuel op eng Tëscheléisung erauslafen, mengt de Vertrieder aus dem Ëmweltministère. Och wann ee schonn zënter e puer Joer no enger Léisung sicht.
Eng Cuve, déi ausgewäsch gëtt: En eemolegen Incident?
Am Idealfall awer soll – wéi scho preziséiert – d’Presswaasser zu engem groussen Deel zu Dünger viruverschafft ginn. De Rescht soll stockéiert a fortgeféiert ginn, fir datt et sech net méi mam Rescht vum Ofwaasser vermëscht.
Den Tëschefall mat der Cuve, déi de Gilles Biver schonn ugerass huet, bleift awer och net vergiess. Grad wéi d’Waasserverwaltung sur place war ass dat observéiert ginn. Wéi dës ausgewäsch ginn ass.
De Jeannot Fürpass huet dat als eng “Rëndvéizegkeet” beschriwwen, déi net hätt dierfe geschéien.
En eemolegen Incident, wann een dem President vu Minett-Kompost gleeft. Mee de Gilles Biver seet awer, datt een de Géigendeel net beweise kann. Spréch, et weess een net, ob dat net scho méi dacks virkomm ass.
“Ech kann hei lo net iergendwou eng Ënnerstellung maachen, datt dat dote reegelméisseg wier. (...) D'lescht Woch hunn ech nach perséinlech mam Här Fürpass geschwat. Also ech si mir sécher, datt den Här Fürpass, deem awer ganz vill un der Natur läit, dee wäert extra drop oppassen, datt dat doten esou an Zukunft och net méi da wäert virkommen.”
Effektiv war dësen Tëschefall awer den Ausléiser fir sech de Site mol eng Kéier méi genau unzekucken, confirméiert de Gilles Biver.
Verwaltunge sinn hirer Aarbecht korrekt nogaang, esou de Gilles Biver
D’Kritik, datt d’Verwaltungen deemno an de leschte Jore fortgekuckt hunn, kann de Gilles Biver net esou stoe loossen.
“Eis Verwaltungen hu ganz akribesch déi Saachen och gekuckt, wéi se dat ëmmer maachen. Si hunn hir Constaten och gemaach. An ech denken, datt elo an dësem Dossier, dank der Diskussioun, déi mir elo féieren, den néidege Stullgang kënnt an da kréie mir déi dach wichteg Installatioun, déi mir alleguerte brauchen, dach konform gesat.”
Eng Kris, déi also eng Chance fir d’Zukunft bitt.