D’Schueberfouer hätt och dëst Joer vill ze bidden, an dat vir all Portmonni, dat wier de Foraine wichteg, esou de President vum Verband vun de Forainen, de Charel Hary.
“Mir hu gekuckt dat op de Karusseller an iwwerall, näischt méi deier gëtt. Et huet kee mol nëmmen eppes 50 Cent an d'Luucht gehuewen. Mir hunn dorobber festgehalen, well mer jo awer de Familljen a jidderengem wëllen eppes hei ubidden. Et soll ee jo e puermol kënnen heihinner kommen, net nëmmen eemol.”
Et wier och drop opgepasst ginn, datt eng breet Offer fir all Budget a Goût derbäi ass. Fir déi nächst Jore wier d’Varietéit vun de Buden och weiderhi eng Prioritéit. Dowéinst gëtt dorunner geschafft fir d’nächst Joer kennen e vegane Gromperekichelchen ze offréieren, seet de Fouer-Responsabele vun der Stater Gemeng, de Laurent Schwaller.