Ronderëm de Stauséi ginn et sechs offiziell Plagen op deenen ee ka schwamme goen. Wann d’Sonn dréckt an d’Temperature klammen, da géifen d’Dierfer ronderëm de Stauséi vun Dagestouristen quasi iwwerrannt ginn, mengt den Tom Schmit, Ranger vum Uewersauer-Stauséi.
"Weekends ab 30 Grad ass de Stauséi net méi unzeroden, well et dann einfach ka sinn, datt um 11, 12 Auer Parkplaze well alleguer besat sinn, ausser deen um gratis Opfangparking Kéilert, da kann dat well effektiv ausgelaascht sinn."
De Verkéier, deen de Massentourismus mat sech bréngt, wier mat de gréisste Problem. Mat sougenannten Opfangparkinge wëllt d’Gemeng zesumme mam Naturpark probéieren den Trafick aus den Dierfer erauszehalen.
Wäit Reesen op de Stauséi
Um Parking Kéilert zu Ënsber si beispillsweis méi wéi 1.000 Stellplazen. Heefeg wieren och dës Parkinge voll. Verschidde Visiteure kéimen iwwer zwou Stonne mam Auto gefuer fir den Dag um Stauséi ze verbréngen, esou den Tom Schmit.
"Déi komme vu Metz, déi komme vu Bréissel hei hinner gefuer fir op de Stauséi ze kommen. An déi loosse sech dee Moment och net gär soen, ech fanne keng Parkplaz, ech muss erëm heem fueren."
Da géifen och scho mol Afaarten zougeparkt ginn, esou den Tom Schmit.
Net just Parkplaze sinn op waarme Summerdeeg rare geséit. Och laanscht d'Ufer ass et strubbelvoll. Et gëtt gegrillt a Musek gelauschtert. Jonker mëschen sech ënner Famille mat Kanner. Déi eng fuere Stand-Up Paddel, déi aner hunn hiren Hond dobäi.
D'Leit wëllen net wéi "d'Hierken an der Tonn" leien
Jidderee wëllt eeben op seng Aart a Weis eng gutt Zäit hunn. Och de Stress-Level klëmmt. Fir dem ze entkommen, géifen ëmmer méi Leit no Alternative sichen.
"Haut kritt ee relativ séier alles ze kafen, wéi och Stand-up Paddel. Dat ass och een neien Trend ginn. An da fueren d'Leit mat hirer Museksbox raus, op iergendeen Fiels leien, well se dann do hir Rou wëllen hunn, maachen do och um Kaméidi."
Dat hätt een negativen Impakt op d'Natur, esou den Tom Schmit.
"Egal wéi gutt jiddereen et mengt, dee klengen Dräieck vun der Kichelchersverpackung, dee mer wollten duerno oprafen, deen hu mer duerno vergiess, de läit awer do. Also worst case si grillen do, wat guer net geet a loossen et einfach leien."
Dofir wier et besser, d'Leit op de Plagen ze konzentréieren.
"Obwuel se dann do leie wéi d'Hierken an der Tonn, mee mir ginn dann awer dee richtege Wee vir."
Allgemeng géif vill Dreck an der Regioun leie bleiwen.
Fest Griller sollen installéiert ginn
Op d’Fro, ob d’Zuel vun den Dagestouristen zënter dem leschte Joer eropgaangen ass, sot de Ranger Tom Schmit, dat wier schwéier anzeschätzen. Hien denkt awer schonn, datt Zuel vu de Visiteuren all Joers liicht klëmmt.
Fir Infraktiounen a Punkto Grillen ze limitéieren ass den Naturpark Uewersauer amgaangen een neit Konzept auszeschaffen, wéi de Ranger erkläert.
"Hand an Hand mat de Gemengen, Pont et Chaussée an deen aneren Acteuren, gi Griller praktesch iwwerall opgeriicht op de Plagen. De Burfelt ass do d'Ausnam, well do de Besoin net ze grouss ass, well mer do eng aner Clientèle hunn."
Spéider wier d'Zil, datt just nach déi Grille genotzt giknn, déi olpgeriicht sinn.
"Dat sinn dann och d'Grill-Anlage wou d'Kuele kënne leie gelooss ginn. Dat heescht, et muss een net mat de waarmen Äschen hireesen an domadder ass de Risiko fir de Brand gëtt einfach vill méi geréng."
Zur Erklärung: De Burfelt ass eng vun de sechs Plagë ronderëm de Stau. Hei muss een e Stéck zu Fouss goe fir bis d’Ufer vum Séi ze kommen. Dofir géifen hei manner Leit grillen.
Ze wéineg Alternative soss am Land
De Moment dierf een nach op ausgewisene Plaze mat sengem eegene Grill grillen. Mee just wann de Grill Féiss huet a keng Brand-Narben op der Wiss hannerléisst.
Fir d’Regioun wënscht de Ranger Tom Schmitt sech ee méi nohaltegen Tourismus. Ronderëm de Stauséi kéint beispillsweis och gutt wandere goen. Hie kann d’Leit awer och verstoen, déi keen eegne Gaart hunn a bei iwwer 30 Grad gären dobausse wieren.
"Vill Leit kënnen och keen invitéieren, fir doheem ze grillen. An da kommen déi eeben esou op ëffentlech Plazen. Déi komme mat Zelter, déi komme mat Béier-Bänken ugereest, hu plazeweis Remorken dobäi. Et gëtt dann alles séier erausgeworf op der Plage. An da gëtt den Auto iergendwou ofgestallt an dann notzen déi de Fräiraum hei, well si einfach keng aner Méiglechkeet hunn, fir iergendwou hinzegoen."
Et géif och ze wéineg Alternativ hei am Land gi fir sech op engem waarme Summerdag ofzekillen, fënnt nach den Tom Schmitt. De Massenundrang op de Stauséi wier fir d‘Regioun awer net méi ze packen, esou de Ranger vum Naturpark Uewersauer. An dobäi geet d’Saison jo eréischt un.