arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi een Impakt huet d’KI op d'Hausaufgaben?

KI-Kompass

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wéi een Impakt huet d’KI op d'Hausaufgaben?

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) huet den Deputéierten aus der Chamberkommissioun um Dënschdeg déi éischt Linne vum KI-Kompass virgestallt, also vun der Strategie fir Kënschtlech Intelligenz am Unterrecht. Alles an allem hunn d’Deputéierter d’Strategie begréisst.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Klassesall | © Bigstock
Klassesall (Foto: Bigstock)

Déi béid LSAP-Deputéierter Francine Closener a Ben Polidori wollte wëssen, wéi een Impakt déi Kënschtlech Intelligenz op d’Hausaufgaben hätt. Mat KI géif et jo duerchaus méi einfach ginn, Hausaufgaben ze maachen. De Ben Polidori huet awer d’Fro gestallt, ob net och een Desequiliber kéint entstoen.

"Mir wëssen awer och, dass haut scho Schüler sinn, déi méi favorabel einfach doheem kënne gehollef kréinen, Hausaufgaben ze maachen. An ech mengen, déi Problematik war e bëssen do, déi stäerkt sech mengen ech elo nach mat der KI, datt d'Schüler kënnen nach méi einfach vläicht d'Hausaufgabenhëllefe kréien."

Strategie soll 2026 ëmgesat ginn

Vu Säite vum Educatiounsministère géif ee sech keng Suerge maachen, wat déi technesch Zougäng zu de KI-Tools och doheem ugeet. Iwwerdeems géif et am Unterrecht dann dorëm goen, datt d‘Fäegkeeten am Ëmgank mat KI opgebaut ginn, esou d‘Daniela Hau vum Script, dem Koordinatiounsservice fir pedagogesch an technologesch Recherche an Innovatioun.

"Eben in der Schule geht es um Kompetenzentwicklung, dass wir alle Schüler auf den Stand bringen, dass sie aber auch solche Dinge wissen und damit auch clever und intelligent mit der KI umgehen können. Und das ist erstmal ein Gleichheitsmoment."

Een Deel vum sougenannte KI-Kompass ass eng Onlineplattform, déi elo scho fir d’Léierpersonal zougänglech ass. Op där Plattform ginn och dräi KI-Tools fir den Unterrecht proposéiert.

Verlässlech Donnéeën zum ekologeschen Impakt vun der KI si rar

Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard wollt wëssen, ob bei der Auswiel vun dësen Tools och den ekologesche Foussofdrock consideréiert gouf.

D‘Daniela Hau vum Script huet geäntwert, datt et schwiereg wier, verlässlech Donnéeën zum ekologeschen Impakt vun der KI ze fannen.

Bis d’Enn vun dësem Joer sollen elo verschidden Acteure consultéiert ginn. D’Zil ass et, d‘Strategie 2026 um Terrain ëmzesetzen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch.

play_arrow Lauschteren