D’Studentefoire fënnt all Joer statt a bitt de Schüler:innen eng Méiglechkeet, sech iwwer Studiegäng, Länner a Stied ze informéieren. Dëst Joer hu sech ronn 150 Exposanten aus 17 verschiddene Länner um Campus vun der Uni Lëtzebuerg zesummefonnt.
Iddie stäerken oder neier kréien
D’Carole Dessart ass Responsabel vum Service Information études supérieures am Héichschoulministère. Am 100,7-Interview erkläert si, datt d’Foire all Joers net nëmme Vertrieder:inne vun de verschiddenen Unien unzitt, mee och Studenten-, a Beruffsassociatiounen. Eng éischte Kéier sinn och Leit aus dem kulturelle Secteur an aus dem Santéssecteur vertrueden.
Net all Schüler:in huet eng kloer Iddi, wat si oder hie wëllt studéieren. Am Virfeld vun der Foire kéint ee sech dofir an de Lycéeë mat der Cellule d’orientation et d’intégration gesinn, fir verschidden Iddien ze formen. Dës kënnen op der Foire gefestegt ginn, oder awer et kënnt een op ganz nei Iddien, wéi d’Carole Dessart betount. Dat wier schliisslech och d’Iddi vun der Foire.
Éisträich a Lëtzebuerg ginn ëmmer méi beléift
Wat d’Länner ugeet, an déi et déi zukünfteg Student:innen zitt, ginn et zënter e puer Joer kloer Tendenzen. Rezent huet et manner Leit a Richtung Belsch gezunn. Dofir géingen ëmmer méi jonk Studentinnen a Studenten de Wee an Éisträich fannen. Aktuell ginn et ronn 800 Lëtzebuerger Studenten a Studentinnen zu Wien, an eng 500 zu Innsbruck.
Den Trend fir Däitschland, Frankräich an Holland bleift stabel, esou d’Carole Dessart. Datt Frankräich net méi Leit unzitt kéint allerdéngs dru leien, datt de Parours sup deelweis komplex Prozedure mat sech bréngt, mierkt d’Carole Dessart un. Och déi franséisch Sprooch schéngt am Grand-Duché ëmmer manner beléift ze ginn.
Wat Holland ugeet géingen do ëmmer méi zweesproocheg Bacheloren ugebuede ginn, fir d’Unie fir reng engleschsproocheg Studentinnen a Studente manner intressant ze maachen. Hollännesch Stied hu mat enger Wunnengsnout ze kämpfen.
A propos engleschsproocheg: Wéi gesäit et mat England aus? Effektiv hätt et do nom Brexit en Abroch gi wat d’Zuel vu Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten ugeet. Par conter géing et méi Leit an Irland zéien. An wat Lëtzebuerg ugeet géing d’Tendenz och no uewe goen.
Belval oder Foireshalen?
Et ass déi véierte Kéier, datt d’Studentefoire um Belval stattfënnt. Virdru gouf se an de Foireshalen um Kierchbierg organiséiert. Der Responsabel vum Service Information études supérieures no wier de Site Belval “optimal fir eng Studentefoire”. D’Exposantë wieren op verschidde Gebaier verdeelt, soudatt een d’Uni kenneléiere kéint, an och e Gefill kréich, wéi een Uni-Campus ausgesäit. D’Ëmfroe bei de Schüler:innen an Exposantë géing dëst och confirméieren.
D’Kritik vun der Studentenassociatioun ACEL, datt d’Foireshalen um Kierchbierg de bessere Standuert wieren, deelt d’Carole Dessart net.