Den Educatiounsminister Claude Meisch schléisst net aus d’Reegele fir d’Hausaufgaben an der Grondschoul "gegeebenenfalls unzepassen". Dat huet den DP-Politiker am Interview de Moien hei um Radio 100,7 erkläert.
Wéinst der neier Diskussioun iwwer d’Hausaufgaben, der Onzefriddenheet iwwer d’Hausaufgaben, an der ënnerschiddlecher Interpretatioun iwwer d’Richtlinnen, huet de Minister d’Initiativ geholl, fir déi béid Enseignantsgewerkschaften SNE an SEW an der Grondschoul an déi national Elterevertriedung beieneen ze ruffen.
Minister wëllt iwwer d'Hausaufgaben diskutéieren
Hausaufgabe wiere wichteg a grosso modo wieren d’Reegele vernünfteg, fënnt de Minister. Mee et misst diskutéiert ginn, wat ee vläicht méi kloer dru misst stellen.
Den Educatiounsminister Claude Meisch wëllt ...
“... eng Diskussioun doriwwer féieren, ob mir eis eens sinn och an der Interpretatioun vun deene Richtlinnen, ob mir se gegeebenenfalls och vläicht sollten upassen, ob mir Prezisioune sollte maachen. A fir mech zum Beispill ass eppes, wat ech ganz gäre wéilt diskutéieren, dat ass d'Method vum Wocheplang.”
Den Alldag vun de Schüler:innen
Et wier gewosst, datt ganz fir vill Schüler:innen, wann d’Schoul bis eriwwer ass, een zweeten Deel vum Dag ufänkt, esou de Claude Meisch am Kontext vum Wocheplang fir d’Hausaufgaben.
“Déi eng, déi ginn an d'Musekschoul, déi aner an d'Turnen, déi aner de Bus fir op de Fussballstraining an esou weider. An do bleift net an all Famill déi selwecht Zäit direkt no der Schoul, fir och Hausaufgabe kënnen ze maachen. Mir wëssen och, an dat schéngt och heiansdo e Problem ze sinn, mir hunn e puer Enseignanten an enger Klass, a jidderee gëtt och mol seng Hausaufgab, a wann dat da vläicht op eemol fir de selwechten Dag ass, da si mir schnell iwwer engem Volume, deen eigentlech nach ze vertrieden ass. An duerfir esou e Wocheplang, wou ee seet, maach dat doten, mee maach et iwwer d'Woch a maach et dann, wann s de Zäit hues.”
Den Ausléiser vun der neier Diskussioun
Iwwer 530 Memberen huet an der Tëschenzäit de private Facebook-Grupp "liewen a leieren", an deem Schoulproblemer diskutéiert ginn. Gegrënnt gouf dëse Grupp viru knapp dräi Woche vun der Aurore Rössler, der Mamm vun engem Kand am Grondschoulalter. An engem Zeitungsartikel huet si kritiséiert, datt vill Kanner an der Praxis all Owend tëschent annerhallwer an dräi Stonne mat Hausaufgabe géife verbréngen. Doraus entstanen ass eng nei Debatt iwwer d’Hausaufgabe vun de Schüler:innen.
Pilotprojet zu Sproochen am klassesche Lycée kënnt
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet am 100,7-Interview confirméiert, datt et ee Pilotprojet wäert ginn, bei deem d’Schüler:innen aus dem Secondaire classique op der 4e solle kënne wielen, ob si d’Niewefächer op Franséisch oder op Däitsch wëlle maachen.
Dës Iddi hat de Claude Meisch schonn dës Woch an der Chamber ugekënnegt.
Et wier wichteg, schonn haut op d’Sproocherealitéit vun de Schüler:innen am Lycée anzegoen, esou de Minister am 100,7-Interview. Kloer wier, datt d’Schüler net enger Sprooch ganz kéinten aus dem Wee goen. Nach wier awer net gekläert, ob et de Pilotprojet an engem oder a méi Lycéeë wäert ginn.
“Ech mierken och zanter enger Rei vu Joren awer, datt och am klassesche Lycée Innovatiounen erwaart ginn, wat de Sproochenunterricht ubelaangt. Well een och do gesäit, datt d'Schülerinnen an d'Schüler an hire Sproocheprofil geännert hunn, an datt och de klassesche Lycée sech dorobber soll ëmstellen. Wéi gesot, dat hei kann en Deel si vun deenen Iwwerleeungen, déi mir féieren en vue vun neie Programmer och am Lycée. An d'Zil ass et, fir elo e Pilotprojet ze maachen, fir och Enn der Legislaturperiod éischt Conclusioune kënnen ze zéien."
Duerno misst an der nächster Legislaturperiod decidéiert ginn, ob dat generaliséiert gëtt oder net.