Aus enger Ëmfro vum Script am Summer ass ervirgaangen, datt sech e groussen Deel vum Léierpersonal nach net sécher am Ëmgank mat Kënschtlecher Intelligenz fillt.
Dofir wier de Kompetenzopbau vum Léierpersonal déi éischt Prioritéit gewiescht, erkläert d’Daniela Hau vum Script, aus der Divisioun fir pedagogesch an edukativ Innovatioun.
"Dass wir gesagt haben, wir setzen auf Lehrerweiderbildung, wir setzen auf Tools, die Lehrer in der Vorbereitung, in der Nachbereitung, in der Materialerstellung unterstützen."
Dofir ass och scho vun haut un de KI-Kompass als Onlinetool zougänglech.
E pädagogeschen Zweck erfëllen
Do kann een zum Beispill gesinn, wéi eng Formatioune fir d’Léierpersonal ugebuede ginn, an et ginn dräi KI-Tools ugebueden.
"Die haben wir einmal unter der Prämisse der Lehrerkompetenzförderung ausgesucht, sprich das sind alles erst mal Tools, die pädagogisch den Zweck erfüllen, Unterricht vor und nachzubereiten und Material zu erstellen. Das war der pädagogische Aspekt."
E weideren Aspekt wier dee juristesche gewiescht, méi genau den Ëmgang mat den Donnéeë vun den Notzer, esou nach d’Daniela Hau.
Jee no Alter verschidden Uwendungszwecker
An enger zweeter Phas vun der Strategie riicht sech de KI-Kompass och un d’Besoine vun de Schülerinnen a Schüler. Dat a verschiddenen Etappen iwwer d’Schouljoren.
An der Grondschoul soll KI nach net aktiv vun der Schülerinnen a Schüler genotzt ginn, mee éischter spilleresch u si erubruecht ginn.
Am Secondaire sollen d’Kompetenzen am Ëmgank dann no an no opgebaut ginn, fir zum Schluss selbststänneg a kritesch kënnen domat ze schaffen.
Schoulpartner gi mat agebonnen
Den Ament gëtt nach un der KI-Strategie geschafft, dofir géifen eng Rei Acteure consultéiert ginn, erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch.
"Mir wäerten déi Richtlinnen, déi mir hei elo proposéieren, an den nächste Wochen a Méint awer och nach mat de Schoulpartner, dat sinn d'Enseignantsgewerkschaften, dat sinn d'Direktiounen, dat sinn och Vertrieder vun Elteren a vu Schüler, wäerte mir dat doten diskutéieren."
Dës Consultatiounsphas soll Enn dës Joers ofgeschloss sinn.