Deemno geséich een am Büro vum Service nëmmen ee “Brochdeel vum Schoulklima”. Si wier also net déi richteg Persoun, fir eng Analys vum Schoulsystem ze maachen.
Datt d’Zuel vun den Dossieren an d’Luucht geet, féiert d’Marguerite Krier ënnert anerem dorop zeréck, datt hire Service méi bekannt gëtt an e méi Vertraue vun de Leit kritt.
Si wier awer net déi richteg Persoun fir d’Analys vum Schoulsystem respektiv vum Schoulklima ze maachen, huet déi nei Schoulmediatrice am 100,7-Interview erkläert.
"Et ass och esou virgesinn, datt de Mediateur scolaire déi individuell Situatioune gesäit, a sech och dofir Zäit hëlt an och Zäit kritt, fir déi genau ze beliichten, déi genau ze kucken. A wann e gesäit, an dat ass seng Stäerkt, datt eng Situatioun méi oft erëmkënnt, datt sech eeben d'Froe widderhuelen, dann huet de Mediateur d'Méiglechkeet eng Recommandatioun ze schreiwen an déi och souwuel dem Minister wéi dem Observatoire de l'Enfance, de la jeunesse et la qualité scolaire weiderzereechen, deen dann eng méi systeemesch Analys vum Schoulsystem mécht."
Bäitrag zu besserem Schoulklima
Hire Service géif awer zum Schoulklima bäidroen, well ee vun den Haaptusprech wier, Kommunikatioun erëm hier ze stellen.
“An deem Sënn positiv Kommunikatioun ze erméiglechen, eng Relatioun erëm ze erméiglechen, Vertrauen ze erméiglechen, déi sech eeben an deem Sënn och positiv op d'Schoulklima auswierkt, an enger éischter Phas op d'Klasseklima, dann awer och (...) op d'Schoulklima.”
Schüler:innen, Elteren an d’Schoulpersonal kënne sech bei Problemer schrëftlech un de Service vun der Schoulmediatioun riichten.
De Service kann an dräi Fäll intervenéieren, esou d’Marguerite Krier.
“Dat ass dee vum Maintien scolaire. Dorënner versteet een all Schüler, dee riskéiert aus der Schoul erauszefalen, also an den Decrochage ze falen. (...) Deen zweete grousse Fall, wou mer aktiv kënne ginn, wou mer d'Missioun dofir hunn, dat ass d'Inklusioun. Voilà, wa spezifesch Bedürfnisser do sinn. (...), An natierlech och bei der Integratioun. D'Schüler, déi nei an d'Land erakommen an (...) net direkt Uschloss fannen.”
“Et ass ganz vill ADHS a ganz vill Autismus”
Am Gespréich mat der Marguerite Krier goung et och ëm Schüler, déi an der Schoul opfalen, well si zum Beispill hir Emotiounen net am Grëff hunn. An esou Fäll géif een zesumme mat den Eltere kucken, ob si bereet sinn, een Test vun hirem Kand maachen ze loossen.
“Et ass ganz vill ADHS, et ass och ganz vill Autismus, also voilà, et sinn effektiv zwee Facteuren, déi mer oft erëmfannen, oder zwee Elementer. An dat ass esou e Moment dann, wou, ech wëll net soen, datt et zum Konflikt kënnt, an awer, well eeben do d'Akzeptanz sécher Thema ass. (...) Et ass ëmmer e schwéiere Moment, wann ee sech muss d'Fro stellen, wéi ass et mam Verhale vu mengem Kand? Ass et meng Responsabilitéit? Dat sinn extrem vill Froen, déi sech dann a ganz kuerzer Zäit stellen an eeben, wann ee sou wëll Konfliktpotential hunn.”
D’Marguerite Krier ass zënter engem gudde Mount déi nei Schoulmediatrice ass, als Nofollgerin vun der Lis De Pina.
De Service vun der Schoulmediatioun – ee Service vum Educatiounsministère – war 2018 geschafe ginn an e schafft haut mat 13 Leit.