Den Yves Legil, Chef Ausbilder vum CGDIS betount, wéi wichteg Disziplin ass. Deemno gëtt sech an der Ausbildung vill op Widderhuele vun Zenarie konzentréiert, fir ze Sécherheet a Routine ze etabléieren.
Déi Sécherheet géif och garantéieren, datt an de richtegen Asätz de Stressfaktor miniméiert gëtt.
Sou reell wéi méiglech
Am Ausbildungszenter sinn eng Rei Statiounen, déi realitéitstrei opgebaut sinn. Do steet zum Beispill ee Raum, deen 1:1 d‘Konditiounen an enger Ambulanz erëmginn. Deen ass genau sou enk, huet eng Brëtsch, Schief mat Material drënner a ka souguer wackelen. Iwwer Kamerae kënnen déi baussen observéiere, wat banne geschitt.
Souguer „Schauspiller“ gi vum CGDIS engagéiert, déi Patienten nospillen. De Retour vun de Stagiairen, ass dacks deen, datt se sech an der Simulatioun fille, wéi an enge reeller Situatioun. Den Yves Legil gesteet awer och an, datt d'Realitéit net zu 100 % kann an der Ausbildung nogemaach ka ginn. Dofir wier dann deen „Drill“ wichteg, fir d‘Routine a a Sécherheet eranzebréngen.
Och Quereinsteiger si wëllkomm
Eng gewësse Grondfitness, Stressresistenz an e gepackte Staatsexame sinn d‘Viraussetzung fir d‘Ausbildung zum Beruffspompjee. Fitness an d‘Mental Verfassung ginn an Exame getest, éier ee fir d‘Formatioun ugeholl gëtt. Et muss een awer net onbedéngt sech bei de Fräiwëllege Pompjeeën engagéiert hunn: och Quereinsteiger si wëllkomm esou de Yves Legil.
D‘nächst Woch fänken d‘Aschreiwungen un.