Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Two Door Cinema Club - Something Good Can Work

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat hu Fraenhaass a d'Hexeverfollgunge gemeinsam?

Internationale Weltfraendag

Wat hu Fraenhaass a d'Hexeverfollgunge gemeinsam?

Viru Kuerzem gouf a Schottland en neien Tartan (dat schottescht Karomuster) offiziell registréiert. Deen hei Tartan soll den Affer vun der Schottescher Hexejuegd gedenken. Registréiert gouf dee vun dem Aktivistinnegrupp "Witches of Scotland". 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

En Hexe-Buttek zu Eltham, London | © Claire Barthelemy play_arrow
En Hexe-Buttek zu Eltham, London (Foto: Claire Barthelemy)

Déi dräi Hexen aus dem Shakespeare sengem Stéck Macbeth, hei an enger Produktioun vun der Royal Shakespeare Company, si wuel déi bekanntsten Hexen aus Schottland. Si erënneren awer och un eng däischter Period an der schottescher Geschicht. 

Mat Ënnerstëtzung vun der Protestantescher Kierch gouf am 16. Joerhonnert de Scottish Witchcraft Act agefouert an deen huet aus der Hexerei ee Kapitalverbrieche gemaach. Geständnisser goufen duerch Folter erzwongen, an d'Affer sinn erwiergt an/oder verbrannt ginn. Gewosst ass vu mei wéi 4000 Mënschen, déi accuséiert goufen. Den Taux vun de Hexenhiriichtung a Schottland war 5 mol sou héisch wei d’europäesche Moyenne. Déi meescht vun hinne ware Fraen. 

D’Affekotin Claire Mitchell an d'Schrëftstellerin Zoe Venditozzi hu viru 5 Joer d’Campagne "Witches of Scotland" gegrënnt. Si fuerdere Begnodegung vun all deenen déi deemools verfollegt a verurteelt gi sinn. A si wëllen eng ëffentlech Entschëllegung an een nationaalt Denkmal.

2022 gouf et eng Entschëllegung 

Um Internationale Fraendag 2022 ass eng vun hiren Demanden erfëllt ginn, An zwar huet déi deemoleg First Minister vu Schottland d’Nicola Sturgeon sech formell am Numm vun der Regierung fir des historesch Ongerechtegkeet entschëllegt. 

"Si sinn ugeklot an ëmbruecht ginn, well si aarm, anescht a vulnerabel waren oder just well si Frae waren. Et war eng Ongerechtegkeet vu kolossalen Ausmoossen, déi op mannst deelweis vu Fraefeindlechkeet, also vum Haass op d’Fraen, gedriwwe war." 

Si huet och betount, datt d’Hexegesetz zwar an der Vergaangenheet wier, mee datt mir ëmmer nach mat Misogynie, also Fraefeindlechkeet, liewen.

Fraenhaass ass haut nach eng Realitéit 

Well et awer nach ëmmer keen nationaalt Undenke gëtt, huet "Witches Of Scotland" am Februar een Tartan als liewegt Denkmal rausbruecht. Enass offiziell registréiert an d’Muster ass immens duerchduecht. D'Faarwe Schwaarz a Rout symboliséieren déi donkel a bluddeg Geschicht. 

Déi 173 Fiedem an de Quadrate symboliséieren d’Unzuel vun de Jore wou d’Hexegesetz gegëllt huet. Dësen Tartan ka jiddereen undoen, mee en dierf just mat Geneemegung vun de "Witches of Scotland" gewieft ginn.

De Schotteschen Tartan ass ee Karomuster wat een op den traditionelle schottesche Kleeder wei de Kilts gesäit.
De Schotteschen Tartan ass ee Karomuster wat een op den traditionelle schottesche Kleeder wei de Kilts gesäit.

An engem BBC Podcast soten d’Aktivistinnen, datt si heiansdo kritiséiert ginn. Ob si an dëse schwéieren Zäiten näischt Besseres ze dinn hätten? D’Clare Mitchell seet, datt et "Sündenbock-Denken" nach ëmmer gëtt an datt des Campagne fir mei Gerechtegkeet suerge soll. 

"Mir maachen ëmmer rëm Mënsche fir Saache verantwortlech, déi si onméiglech kéinten hunn a mir ginn oft deene muechtlosen d’Schold, well et einfach ass, deenen d’Schold ze ginn. Dofir fannen ech et immens wichteg, datt mir soen datt dat wat deemools geschitt war, falsch ass. An datt mir en Zeeche setze, fir datt mir et an Zukunft besser maachen"

Witchtok a co.  

Hexerei als spirituell Relioun ass haut rëm populär. Ënnert dem Hashtag Witchtok fënnt een zum Beispill op Tiktok Millioune Bäiträg iwwert Magie, Astrologie an Tarot. 

Den offiziellen Tartan vun de "Witches of Scotland" ass grad an der Produktioun. Op de Soziale Reseaue vun den Aktivistinne gesäit een, datt et schonn eng grouss Nofro gëtt 

De Schotteschen Tartan ass ee Karomuster wat een op den traditionelle schottesche Kleeder wei de Kilts gesäit. Si representéiere Schottesch Sippschaften a Regiounen. Haut ka jiddereen een Tartan kreéieren, sou laang een si am nationale Register umellt. 

Lauschterenplay_arrow