Radioen

On air

Notturno  |  Jules Ahoi - Magnolia

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mir sichen d'Wuert vum Joer

Zesumme mam ZLS

Mir sichen d'Wuert vum Joer

Wat gëtt d'Wuert vum Joer 2023? Reecht Är Proposen eran a gewannt flott Präisser!

auto_stories

1 min

U wat musst Dir denken, wann Dir un d'Joer 2023 denkt? Deelt eis bis den 18. Dezember mat, wéi ee Wuert oder wéi een Ausdrock fir Iech dat politescht, ekonomescht oder gesellschaftlecht Joer op eng besonnesch Aart a Weis gepräägt huet.

Aus all de Propose mécht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch eng Shortlist, an där den Haaptkrittär d'Zuel vun den Nennungen ass. An aus där wielt dann e Jury d'Wuert vum Joer 2023. Am Jury sinn dëst Joer vertrueden: de Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch Pierre Reding, d'Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch Myriam Welschbillig, a jeeweils een/eng Vertrieder:in vum 100,7, vun RTL a vum ZLS.

Natierlech gëtt et och eppes ze gewannen: Mat e bësse Change kritt Dir eng vun 3 Kaddoskëschte mat lëtzebuergesche Produiten, déi fënnef éischt Bicher aus der Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz" an de "Lëtzebuerger Sproochen Atlas 1900" am Wäert vun am Ganzen 150 Euro. D'Lous entscheet.

De 27. Dezember gëtt d'Resultat vun der Wiel dann offiziell matgedeelt. Hei kënnt Dir Är Propos areechen: www.wuertvumjoer.zls.lu

Vill Gléck!