Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E19 Mir scheiteren ëmmer nach: Daniel Balthasar an Nathalie Oberweis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wanteraktioun an Asyldemandeuren: Wéi geet et nom Wanter weider?

No de kaalen Deeg

Wanteraktioun an Asyldemandeuren: Wéi geet et nom Wanter weider?

An den extreem kale leschten Deeg hat d’Wanteraktioun e Pic vun 290 Mënschen erreecht. Ronn 50 dovu waren Asyldemandeuren, well d'Flüchtlingsstrukturen iwwerfëllt sinn. Wéi et fir déi Persounen nom Wanter wäert viru goen, ass awer nach net gewosst, esou de Max Hahn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wéinst Temperature vu bis zu Minus 15 Grad an der Alerte Rouge wier d’Wanteraktioun rezen de ganzen Dag op gewiescht, an net wéi soss, nëmmen an der Nuecht, erkläert de Familljeminister Max Hahn am 100,7-Interview. Ënnert deenen 290 Mënschen wiere ronn 50 Asyldemandeure gewiescht.

Ëmmer méi Asyldemandeuren bei der Wanteraktioun

Zou deenen 300 Better an der Wanteraktioun goufe rezent nach gehëtzte Militärzelter bäigesat. Déi stellen nach eemol enger 20 Schlofplazen zu Verfügung. Dës koumen d’lescht Woch dann och schonn zum Asaz, erkläert de Familljeminister.

“Et ass esou, datt mir eng Situatioun haten, wou och d’Zelter benotzt gi sinn. Et ass esou, datt eng Nuecht véier Stéck dora komm sinn, einfach well zwar d'Kapazitéit net erreecht ginn ass, mee einfach fir sech d'Flexibilitéit ze loossen, fir wann nach matten an der Nuecht op eemol Famillje géifen ukommen.”

Wanteraktioun gëtt dëst Joer och verstäerkt vun Asyldemandeure genotzt. Dat, well si keng Plaze méi a Flüchtlingsstrukture kréien an doduerch op der Strooss musse liewen.

Kapazitéitssteigerung vu ronn 200 Better?

No der Decisioun vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn, datt Mënschen, déi schonn an engem aneren EU-Land enregistréiert sinn, keng fest Plaz méi an enger Flüchtlingsstruktur kréien, goufen zanter Oktober 280 elengreesend Männer op eng Waardelëscht fir eng Flüchtlingsstruktur geschriwwen. Aktuell sti ronn 60 Männer op där Lëscht, sou de Max Hahn.

Wéi et fir déi Asyldemandeuren no der Wanteraktioun soll weider goen, ass nach net kloer. Dem Familljeminister no géif awer u Léisunge geschafft ginn.

“Do ginn et och nei Opportunitéiten, déi sech ëmmer rëm envisagéieren, un deene mir schaffen, wou et awer elo ze fréi ass, do genau Chifferen ze nennen. Et kann ee vläit soen, datt mir déi nächst Méint dervun ausginn, datt mir nach eng Kapazitéitssteigerung vun ëm 200 Better wäerte kréien.”

D’Wanteraktioun ass op vum 15. November an dat nach bis de 15. Abrëll. 


Lauschterenplay_arrow