Radioen

On air

Tockcity  |  Junior Varsity - Give My Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Walen e Sonndeg a Portugal sinn entscheedend fir d'Zukunft vum Land

Walen a Portugal

Walen e Sonndeg a Portugal sinn entscheedend fir d'Zukunft vum Land

Kuerz virun de Parlamentswalen a Portugal, geet de Lëtzebuerger Journalist Ricardo J. Rodrigues dovun aus, datt op een Neits ee groussen Deel vun der portugisescher Communautéit hei am Land seng Stëmm net wäert ofginn. D’Abstentioun wier traditionell héich, bedauert de Mataarbechter vun der Wochenzeitung Contacto. Gläichzäiteg géifen d’Wale vun e Sonndeg awer als entscheedend fir d’Zukunft vu Portugal ugesi ginn. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wéi wäert déi rietsextrem Partei Chega ofschneiden – dat ass eng vun den zentrale Froen, déi sech Observateure vun der politescher Aktualitét a Portugal stellen – an zu hinne gehéiert de Contacto-Journalist Ricardo Rogrigues. D‘Chega géif als Anti-System-Partei probéieren all deenen e Programm ze proposéieren, déi sech ofgehaange fillen, an där géifen et vill ginn.

"C‘est une énorme masse silencieuse et qui ne veut plus être invisible."

Vill Jonker wanderen aus

Der portugisescher Wirtschaft geet et eigentlech gutt, den Tourismus an d‘Diversifikatioun hunn d‘lescht Joer fir Wuesstem gesuergt, mee bei vill Leit géif dat am Portmonni net ukomm. Ee Jonken dee vun der Uni kënnt verdéngt ronn 1.000 Euro de Mount, sou de Ricardo Rodrigues. D‘Auswanderung ass d‘Konsequenz: 

"C‘est la fuite des cerveaux, les gens qui sont le plus parés pour développer le pays s'en vont et ça c‘est vraiment une tragédie portugaise."

Op Chega aus den Onzefriddenheete politescht Kapital wäert kënne schloe wier trotzdeem net sécher.

"On ne sait pas si c'est une conversation facile pour gagner les élections ou si c'est vraiment une politique qui peut fonctionner. Mais je pense qu'ils adressent vraiment ce qui rend les gens fâchés."

Distanz zur Heemecht

Déi ronn 90.000 walberechtegt Portugisen hei am Land liewen op Distanz zu deenen Entwécklungen och wann der vill vun hinne Liene mat hirer Heemecht behalen. Datt d‘Participatioun bei de leschte Walen niddreg war géif awer net nëmmen un der Distanz leien. Et ginn och technesch Problemer, sou de Ricardo Rodrigues

"Beaucoup de données, de chiffres, adresses ne sont pas automatiques, donc beaucoup de gens ne vont pas voter."

Bei de leschte Wale wiere ronn 80 Prozent vun de Portugisen hei am Land net wiele gaangen, seet de Ricardo Rodrigues. D‘Ambassade war fir eng Stellungnam zu de Walen net ze erreechen.  

Lauschterenplay_arrow