Radioen

On air

Tockcity  |  Zement - Station to Station

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Waarm Temperaturen a Saharastëbs fir de Weekend

Meteolux

Waarm Temperaturen a Saharastëbs fir de Weekend

No laangem groe Wieder mat vill Reen wäert et de Weekend radikal ëmschloen. Haut kéint et nach zu liichte Schauere kommen. Spéitstens muer ginn et awer méi waarm Temperaturen an et soll dréche bleiwen. Et kënne bis zu 22 Grad ginn.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Thermometer | © Jarosław Kwoczała play_arrow
Foto: Bigstock / Jarosław Kwoczała

De Sonnde wäert Saharastëbs iwwer eis Regiounen zéien. Deen ass iwwregens immens räich u Mineralien an dowéinst och e gudden Dünger, wann e sech dann ofsetze kann.

Muer läit de Saharastëbs nach méi westlech a Frankräich an an der Belsch. De Sonnde wäert en awer iwwer Lëtzebuerg zéien. Dat ka mat sech bréngen, datt dowéinst d‘Sonn net méi sou gutt duerch kënnt an dofir wäerten d‘Temperaturen de Sonnde liicht méi kal sinn, wéi de Samschden.

Staark Wandvitessen déi de Saharastëbs opwirbelen

Datt de Saharastëbs elo heihinner kënnt hätt mam Déifdrockgebitt westlech vu de britteschen Inselen ze dinn, erkläert de Luca Mathias vu Meteolux.

„D'Zirkulatioun vun deem Déifdrockgebitt, deem säin Afloss, geet bis erof an de Nordweste vun Afrika, wou dann déi méi staark Wandvitessen de Stëbs eeben opwirbelen iwwert der Sahara an da mat deenen Opwäertsbeweegungen an d'Atmosphär gëtt de Sand gehuewen.“

Duerch dat Déifdrockgebitt westlech vu de britteschen Inselen entsteet eng Süd-, bis Südwest Stréimung, an esou gëtt de Saharastëbs bis an eis Regioune gedroen.

Keng héich Konzentratioun u Feinstëbs

Iwwert d‘Konzentratioun u Feinstëbs misst ee sech awer keng Gedanke maachen, betount de Luca Mathias. Et wier ganz seelen, datt de Saharastëbs sech dréche bis op Buedemniveau géif of setzen.

„Generell ass et esou, wann en net no beim Buedem ass, huet e keen Effekt op de Mënsch oder soss eppes. Wat mir lo leschte Weekend eng Kéier haten ass eeben, wann de Saharastëbs an der Atmosphär present ass an et reent dann. Da gëtt deen erausgewäsch. Da sinn d‘Autoen duerno immens knaschteg an och d'Géigestänn dobaussen.“

Temperaturrekord fir Abrëll gëtt net gebrach

Duerch de Saharastëbs kéint et awer dozou kommen, datt Previsioune vun de Temperature mol kéinten donieft leien. Dat wéinst de ville Wolleken. An den Himmel kéint gielzeg bis brongelzeg ausgesinn.

De Rekord vun 2018, wou et de 20. Abrëll ganzer 30 Grad goufen, wäert dëse Weekend deemno net gebrach ginn.

D‘nächst Woch wäert et dann nees méi kill ginn. D'Temperature bleiwen awer iwwer 10 Grad. Et muss ee sech dann awer rëm op vereenzelt Schaueren astellen.

Lauschterenplay_arrow