Dës Zuelen huet den Inneministère eis op Nofro hi matgedeelt.
An der Maison de Retour si Migranten ënnerbruecht, déi kee Flüchtlingsstatut kruten a Lëtzebuerg musse verloossen.
Zu hire Retouren preziséiert den Inneministère: Zanter dem 1. September 2024 wären am ganzen 90 Persoune vun der Maison Retour transferéiert ginn oder an hir Hierkonftslänner zeréckgaangen. Déi Betraffe géifen an der Moyenne 31 Deeg an der "Maison de Retour" bleiwen.
De Ministère géif kucken, datt si esou séier ewéi méiglech transferéiert oder an hir Hierkonftslänner zeréckginn.