Ënnert anerem géif et stole Riddoen ginn an och e Minimum u Schäiner an den Automaten, déi net sou oft benotzt ginn.
Sollte Krimineller dann awer iergendwéi un de Safe mat de Sue kommen, gëtt eng Tënt gesprëtzt, déi all d ‘Schäiner onbrauchbar mécht. Dat wichtegst wier awer, dass bei esou Aktioune keng Leit géifen zu Schued kommen - dofir ginn esou Automaten och strategesch éischter esou placéiert, wou kee wunnt, sou nach de Jerry Grbic. Am Laf vun dëser Woch gouf e puer mol probéiert ee Geldautomat ze sprengen, fir d'Lescht zu Sëll – dat awer ouni Succès.