Wéi de Parquet schreift, hätt d‘Chambre du Conseil vum Stater Verwaltungsgeriicht decidéiert, déi véier virun eng chambre criminelle vun deem Geriicht ze bréngen. Dräi vun hinne géifen och nach virun eng chambre correctionelle bruecht ginn, wéinst aneren Infraktiounen, déi um Bord vun der Enquête iwwert d‘Police-Gewalt opgedaucht wieren.
De Parquet betount. Dës Ordonnancë wiere kee Jugement, dass déi véier schëlleg wären, mee e Constat, dass d'Laascht vun de Virwërf géint si grouss genuch ass, fir e Strofgeriicht ze saiséieren.
Déi Betraffen hätte fënnef Deeg Zäit fir an Appell ze goen, sou nach de Parquet. Hie widderhëlt a sengem Schreiwes, dass fir déi Betraffe weider d‘présomption d‘innonce gëllt.