Den Thierry Hoscheit, President vun der Cour supérieure de justice, hat zejoert de Wonsch no enger neier Cité judiciaire geséint. D’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue hat doropshin eng Etüd dozou an Aussiicht gestallt.
Dës Etüd soll, wann et dem Thierry Hoscheit no geet, séier an Ugrëff geholl ginn. Nawell misst een, sou d’Elisabeth Margue, kuerzfristeg Léisunge fannen.
Plaze schafen a Plaze besetze sinn zwou verschidde Saachen
Et wier een dann och an Negociatiounen, fir an der Stad aner Surfacë fir d’Justiz ze lounen. De Chantier vum Rekrutement vu Personal wëll ee mam adaptéierte Plan pluriannuell ugoen, deen op 3 Joer 94 nei Plaze virgesäit.
Woubäi Plazen ze schafen a se ze besetzen zwou verschidde Saache wieren. 2024 wier een aussergewéinlecht Joer gewiescht, wat de Rekrutement vun Attachéen ugaangen ass. d‘Elisabeth Margue hofft, datt dat och dëst Joer sou virugeet. Dorop kéint ee sech awer net verloossen.
Martine Solovieff: Justiz muss Prozeduren iwwerdenken
Méi en däischtert Bild huet an deem Kontext d’Martine Solovieff, Procureure générale d’État, gemoolt. Si géif d’Astelle vun neie Magistrate begréissen. 2023 wier ee ganz ambitiéis gewiescht, mat der Annonce vum Schafe vun 193 neie Posten. Op de 16. September zejoert goufen et 276 Magistraten.
D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer hat rezent vu Problemer bei der Justiz geschwat. Fakt wier, datt um Stater an um Dikrecher Geriicht de Moment ronn 20 Prozent vun de Posten net besat wieren. Et géif deemno eng grouss Urgence ginn, an et kéint ee sou net méi fonctionéieren, betount d’Martine Solovieff op hirer leschter Neijoerschreceptioun. Et wier einfach ze soen, d’Justiz wier lues, mee déi misst sech Prioritéite setzen a Prozeduren iwwerdenken.
Thierry Hoscheit: Justiz ass kee Selbstzweck
Den Thierry Hoscheit, President vun der Cour supérieure de justice, ass sengersäits e bësse philosophesch ginn. Dat, andeems hien d’Fro gestallt huet, wat d’Justiz ass. Déi wier nämlech kee Selbstzweck.
"Mir sinn do fir d’Justiciablen, an d’Justiz ass en onofdénglecht Element vum Rechtsstat a vun der Demokratie."
Ouni Justiz géif et ebe kee Rechtsstat a keng Demokratie ginn, an et wier jidderee gefuerdert, fir se héich ze halen, huet den Thierry Hoscheit erkläert.