Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage & Pol Belardi - Morphée

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sich no neier Preidence vum MUDAM soll demnächst ufänken

Eric Thill

Sich no neier Preidence vum MUDAM soll demnächst ufänken

D’Sich no enger neier Presidence vum Verwaltungsrot vum MUDAM soll an de nächsten Deeg lancéiert ginn. Esou den DP-Kulturminister Eric Thill am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

© Eric Thill
Foto: Archiv

Nodeems de Patrick Majerus an der Mëtt vu sengem Mandat als President demissionéiert huet, wier d’Prioritéit elo en Ersatz ze designéieren an dee vum Regierungsrot approuvéieren ze loossen. De Patrick Majerus hätt iwwer déi lescht Joren eng entscheedend Roll am MUDAM gespillt, seet de Kulturminister. Den Eric Thill hofft elo an der Iwwergangsphase op e weidere gudden Echange mam Verwaltungsrot a mat der Direktesch.

"Den Här Majerus, deen huet iwwert déi lescht Joren eng entscheedend Roll gespillt am MUDAM, dat besonnesch och bei der Stäerkung vun der artistescher Visioun vum MUDAM duerch seng Aarbecht och mam Cercle des collectionneurs an natierlech och bei der Acquisitioun vu wichtege Wierker. Ech huelen als Kulturminister seng Demissioun zur Kenntnis. Dat ass eng perséinlech Decisioun vum Här Majerus."

Déi genau Grënn hannert der Demissioun vum Patrick Majerus, si bis ewell net ëffentlech matgedeelt ginn.