Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst de kalen Temperaturen: Wanteraktioun erhéicht hir Kapazitéiten

Hëllef fir Leit op der Strooss

Wéinst de kalen Temperaturen: Wanteraktioun erhéicht hir Kapazitéiten

Mat der Warnung viru grousser Keelt an Temperaturen ënner minus zéng Grad entsti fir Leit, déi op der Strooss liewe liewensgeféierlech Konditiounen. Eng ganz Rei Offere bestinn, fir datt dës Leit d’Nuecht kënnen ënner Daach an am Waarme verbréngen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Em fënnef vir siwen owes fiert d’Navette vun der Wanteraktioun vun der Stater Gare aus op de Findel. Op 300 Better gouf do d’Kapazitéit viru kuerzem erhéicht. D’Demande ass elo mat der grousser Keelt ganz grouss, vill Leit schreiwe sech am Laf vum Dag an oder ruffen un, erkläert d’Direktesch vun Dräieck asbl Cyrielle Chibaeff. Den Dräieck aus Croix Rouge, Caritas an Interactions geréiert d’Wanteraktioun fir de Familljeministère. Mat 290 Leit war een déi lescht Nuecht gutt beluecht, ma nach ass Platz.

„On n'est pas complet, on a fait augmenter le site, donc 50 places supplémentaires des 250 places habituelles, donc on a 300 places.“

D'WAK ass elo och Weekends de ganzen Dag op

Fir d’Leit net moies an d’Keelt ze schécken ass d’Wanteraktioun dëse Weekend iwwregens och de ganzen Daach iwwer op. Net ëmmer sinn déi Betraffen iwwer hir Méiglechkeeten informéiert, d’Streetworker vun Interactions sinn dofir owes um Terrain, erkläert den Nelson Dos Reis.

„Mir hunn eng Equipe, de Premier Appell, mir sinn all Owend um Terrain, mir dréinen duerch ganz Lëtzebuerg-Stat a mir ginn och no deene Leit kucken déi mir kënnen, och déi wou mer wësse wou se schonn ongeféier sinn, fir ze probéiere mat hinnen ze schwätzen, datt et fir si am beschten ass se ënner Dag ze bréngen."

Max Hahn: Kapazitéite kënnen nach weider eropgesat ginn

Et kënnt och vir, datt Leit net wëllen an eng Struktur, si kréien dann Decke fir sech waarm ze halen.

Och dem Familljeminister Max Hahn no wiere momentan nach Kapazitéiten do, am Noutfall wéilt een awer séier reagéieren.

„Et ass esou, datt mir Kapazitéiten hunn a bis elo hu mer déi Kapazitéiten nach net iwwerschratt. A wann dat de Fall sollt sinn, da wäerte mer och do Léisunge fannen.“

Lauschterenplay_arrow