Radioen

On air

9 bis 1  |  ErwuesseBildung

play_arrow Live
search

/ Vun der EU-Kommissioun ugekënnegt Online-Ëmfro un d'Bauere gouf lancéiert

Landwirtschaft

Vun der EU-Kommissioun ugekënnegt Online-Ëmfro un d'Bauere gouf lancéiert

Mat Hëllef vun engem Online-Questionnaire wëllt d‘EU-Kommissioun d‘Suergen a Probleemer vun de Bauere besser verstoen. Haaptpunkt ass, wéi déi vill Bürokratie, déi de Baueren d‘Liewe schwéier mécht, ka vereinfacht ginn.

auto_stories

1 min

Bauereprotest Symbolbild | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Socher/ Eibner-Pressefoto
Bauereprotest Symbolbild (Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Socher/ Eibner-Pressefoto)

Déi Ëmfro, déi schonn am Februar ugekënnegt gi war, ass haut lancéiert ginn. Éischt Resultater solle Mëtt Abrëll presentéiert ginn. Donieft sollen och Interviewe mat Bauereverbänn organiséiert ginn, fir sech nach e bessert Bild vun hirer Situatioun ze maachen.

No de Bauereprotester a villen EU-Länner hat d‘EU-Kommissioun schonn Oplockerungen op de Wee bruecht an d‘EU-Staaten hunn d‘Méiglechkeet kritt, Ëmweltoplage fir d‘Baueren opzelackeren.