Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Nilüfer Yanya - Like I Say (I Runaway)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hausse vun den Aschreiwungsfraisen: Uni.lu léisst Kritik vun der UNEL net gëllen

Uni.lu vs. UNEL

Hausse vun den Aschreiwungsfraisen: Uni.lu léisst Kritik vun der UNEL net gëllen

D’Studentevereenegung UNEL kritiséiert, datt d’Aschreiwungsfraisen op der Uni.lu solle verduebelt ginn: Vun der Rentrée am September dëst Joer u sollen d’Studenten net méi wéi bis elo 200, mee 400 Euro pro Semester bezuelen. De Rekter vun der Uni.lu léisst d'Kritik net gëllen a verweist ënner anerem op d'Studiegebühren am Ausland.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

© Morgane Weidig play_arrow
(Foto: Morgane Weidig)

Vun der Rentrée am September dëst Joer u sollen d’Studenten also net méi wéi bis elo 200, mee 400 Euro pro Semester bezuelen, fir op der Uni.lu kënnen ze studéieren. Iwwer 86 Prozent vun de vun der UNEL befrote Studente wieren domat net averstanen, esou de Sam Biewer vun der UNEL.

An d'Wuelbefanne vun de Studenten investéieren

De Rekter vun der Uni.lu, de Jens Kreisel, begrënnt d’Hausse doduerch, datt een elo méi finanzéiere kéint. 15 Joer laang wier d'Gebühr net verännert ginn. Elo wier ee méi no um internationale Standard drun, mee awer nach ëmmer manner deier wéi an de meeschten anere Länner.

D'Suen, déi d'Uni doduerch weider erakritt, solle och weiderhi genotzt ginn, fir d'Studentinnen a Studenten ze ënnerstëtzen, betount de Rekter. Virop d'Wuelbefanne soll verbessert ginn. Dofir fléisst een Deel an den Ausbau vun de psychologeschen a sportlechen Aktivitéiten.

UNEL verweist op aner Unien

Mee datt d’Studiegebühren am Ausland méi héich wieren, wéi déi geplangte 400 Euro zu Lëtzebuerg, léisst de Sam Biewer vun der UNEL net gëllen.

"Nee, also ech kann aus menger eegener Experienz schwätzen. Ech studéieren zu Stroossbuerg. An do sinn d'Frais d'inscription souguer ënner 200 Euro. An dowéinst fanne mir, datt déi 400 Euro relativ deier si par rapport zum Ausland."

De Jens Kreisel mengt allerdéngs, datt d’Hausse vun de Frais d’inscription op der Uni.lu d’Studenten net finanziell méi belaaschte géif. D’Lëtzebuerger Studente géife vum Staat finanziell Ënnerstëtzung kréien.

Géigeniwwer auslännesche Studente gëtt de Montant och kloer kommunizéiert, beispillsweis um Internetsite vun der Uni, esou de Jens Kreisel. 

44 Prozent vun de Studenten, déi d’UNEL befrot huet, wieren da wuel bereet, fir méi Studiegebühren ze bezuelen, mee net op ee Coup. Dofir fuerdert d’UNEL eng graduell Augmentatioun.

"A mir géifen dann och gäre mat der Uni.lu Kontakt ophuelen, fir dann eben ze kucken, wéi grouss wier déi graduell Augmentatioun."

Lauschterenplay_arrow