Déi franséisch Assemblée hat den ukraineschen Ambassadeur Omelchenko Vadym agelueden un den Debaten deelzehuelen. De Premier François Bayrou huet direkt kloer gestallt, datt déi Zeenen aus dem Wäissen Haus vum leschte Freideg net akzeptabel sinn.
Den amerikanesche President Trump hätt den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj wéilten erniddregen, dësen hätt awer net kléng bäiginn.
RN: NATO- oder EU-Memberschaft sinn een No-Go
Dofir gouf et Applaus vun alle Gruppen, ausser dem rietsextreme Rassemblement National. Och si stinn op der Säit vun der Ukrain, sot d’Marine Le Pen e wéineg méi spéit, mee et misst ee realistesch bléiwen. Och d’Verhale vum Donald Trump hat d’Le Pen viru puer Deeg als normal bezeechent. D’Le Pen huet sech gëschter um Méindegowend virun allem géint eng gemeinsam europäesch Verdeedegung positionéiert. Dat wier ëmmer nach eenzeg de Staaten hir Aufgab. Och dierft een elo net d’Ukrain an d’NATO oder d’EU ophuelen, esou d’Le Pen
Do war de fréiere Premier a Chef vum Grupp Ensemble pour la République, de Gabriel Attal, anerer Meenung. Et wier d’Léisung fir zukünfteg als eng gemeinsam Front opzetrieden. Bis op den RN gouf Konsens doriwwer, datt Europa a Saache Verdeedegung ze ofhängeg vun den USA ass. D’Ekologiste soten, et wier dréngend néideg Europa, zu enger politescher a militärescher Muecht ze maachen.