Migratioun wier an der lëtzebuergescher DNA, esou de Buergermeeschter vun der Gemeng Diddeleng, den Dan Biancalana. Zu Diddeleng hätt ee Migratioun ëmmer als Surplus gesinn. D’Gemeng investéiert 1 Millioun Euro iwwer déi nächst 5 Joer an déi néi Chaire. De Buergermeeschter hofft, datt och national Auteure mat an d’Boot sprangen.
"Well d'Migratioun net nëmme spezifesch par rapport zu Diddeleng ass, mee Migratioun, mengen ech, eppes ass, wat d'Identitéit hei zu Lëtzebuerg am Fong geschmiedet huet. An dofir mengen ech, hu mir och déi Iddi, datt een eng Ausstellung soll kënne maachen iwwer d'Migratioun hei zu Lëtzebuerg, respektiv awer och, firwat net, e Musée iwwer d'Migratioun."
Den Historiker a Professer op der Uni lu. Denis Scuto betount, datt wann et iergendwou Sënn mécht, Recherchen zum Theema Migratioun ze maachen, dann zu Lëtzebuerg. 48 Prozent vun den Awunner hei am Land sinn Auslänner. D'Hallschent vun deenen, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, hunn op mannst een Elterendeel, deen am Ausland gebuer ass, esou den Denis Scuto.
Migratioun: Eng fundamental Charakteristik vum Mënsch-sinn
Nieft neie Seminairen zum Theema Migratioun, déi ënner anerem an de Studiegäng Histoire européenne an Digital and Public History agefouert ginn, erhofft hie sech aus der Zesummenaarbecht och, datt eng Länneriwwergräifend Base de donnée an d’Liewe ruffe gëtt. Wa Wëssenschaftler länneriwwergräifend Zougrëff op sou Donnéeën hätten, kéint ee Migratiounsfluxe besser analyséieren, sou den Denis Scuto.
"De Klaus Bade ass ee vun den éischte Migratiounshistoriker. Deen huet dofir plädéiert, an dat ënnerschreiwen ech komplett, fir Migratioun als een Deel, eng fundamental Charakteristik vum Mënsch-sinn unzegesinn. Genau sou an der Demografie gëtt geschwat vun de Gebuerten, vun den Hochzäiten, vun de Stierffäll. Ma Migratioun gehéiert och dozou."
An de leschten 200 Joer wier Lëtzebuerg vun engem Auswanderungsland zu engem Awanderungsland ginn, sou den Historiker.