Radioen

On air

Tockcity  |  Los Pirañas - El Nuevo Prometeo

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vott iwwer Gentechnik: Etappe-Victoire mat batterem Nogeschmaach

Biolandwirtschaft

Vott iwwer Gentechnik: Etappe-Victoire mat batterem Nogeschmaach

Als Etappe-Victoire mat engem batteren Nogeschmaach qualifizéiert d’Lëtzebuerger Vereenegung fir d‘Biolandwirtschaft de Vott vun den EU Agrarministeren iwwert d‘Gentechnik an der Landwirtschaft. 

auto_stories

1 min

Der EU Kommissioun hir Propose, fir d‘Reegele fir genetesch modifizéiert Planzematerial méi labber ze maachen, gouf gëschter vun den Agrarministeren ofgeleent. Doriwwer wier een erliichtert, sou d‘Biovereenegung an engem Communiqué gëschter Owend. Mee obwuel Lëtzebuerg beim Vott och net fir der Kommissioun hir Propose gestëmmt huet, kritiséiert d‘Biovereenegung d‘Aussoe vun der Lëtzebuerger Agrarministerin Martine Hansen am 100,7-Interview.

Si hat do gesot, si géif de neie Gentechniken, déi d‘Kommissioun proposéiert huet, positiv géigeniwwer stoen, et wier eng Chance fir d‘Landwirtschaft, an e Schlëssel-Element fir de “Green Deal”. Dat wier eng Bankrotterklärung fir d‘Landwirtschaft, besonnesch fir d‘Bio-Landwirtschaft, esou déi Lëtzebuerger Biovereenegung.