search

/ Volker Türk kritiséiert Apartheid änlech Strukture vun Israel am Westjordanland

Mënscherechter

|
headphones

1 min

Volker Türk kritiséiert Apartheid änlech Strukture vun Israel am Westjordanland

Den UN Héichkommissär fir Mënscherechter Volker Türk huet déi israeelesch Diskriminatioun vis a vis vun de palestinensesche Bierger am Westjordanland schaarf kritiséiert. Déi systematesch Diskriminatioun géif ëmmer méi engem Apartheidsystem gläichen, esou den UN Héichkommissär.

headphones

1 min

Den UN-Mënscherechtskommissär Volker Türk | © EPA / SALVATORE DI NOLFI
Den UN-Mënscherechtskommissär Volker Türk (Foto: EPA / SALVATORE DI NOLFI)

Déi palestinensesch Rechter géifen a sämtleche Territoirë mat Féiss getrëppelt ginn, heescht et vum UN Héichkommissär fir Mënscherechter. Dozou gehéiert den Accès zu Drénkwaasser, Schoulen oder Spideeler. D‘Leit géifen dru gehënnert ginn hir Famill ze besichen oder hir Oliven zeplécken. Dobäi kéim, datt israeelesch Siidler ëmmer méi radikal géint déi palästinensesch Awunner géife virgoen.