arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi nächst Schrëtt am Plang fir d’Enn vum Gaza-Krich

Trump – Netanjahu

|
headphones

1 min

Déi nächst Schrëtt am Plang fir d’Enn vum Gaza-Krich

Den US-President an den israeelesche Premier solle sech Enn Dezember an den USA treffen: De Benjamin Netanjahu soll den 29. Dezember bei den Donald Trump reesen. Dat huet e Porte-Parole zu Jerusalem matgedeelt.

headphones

1 min

Den Donald Trump an de Benjamin Netanjahu op enger Pressekonferenz am Wäissen Haus am Februar 2025 | © picture alliance / Ron Sachs/Consolidated/dpa | Ron Sachs
Den Donald Trump an de Benjamin Netanjahu op enger Pressekonferenz am Wäissen Haus am Februar 2025 (Foto: picture alliance / Ron Sachs/Consolidated/dpa | Ron Sachs)

Dat wier dann déi fënneft Renconter tëschent dem Donald Trump an dem Benjamin Netanjahu. Wou an den USA dëst Treffe soll sinn, gouf net matgedeelt. Eng israeelesch Televisiounschaîne huet gemellt, et wier am US-President senger Residenz a Florida. Den israeelesche Premier géif eng ganz Woch do bleiwen. Thema wieren déi nächst Etappen am Plang fir d’Enn vum Krich an der Gazasträif.

D'Positioun vun der terroristescher Vereenegung Hamas

D‘Hamas huet matgedeelt, et géif ee kenger zweeter Phas vun engem Waffestëllstand zoustëmmen, soulaang déi israeelesch Arméi d‘Wafferou ëmmer nees géif briechen. Déi Responsabel vun der Hamas beschëllegen Israel, de Grenziwwergang zu Ägypten bei Rafah net opgemaach ze hunn, an och net méi humanitär Gidder an déi palestinensesch Gebidder eranzeloossen.

Israel wëllt Grenz erëm opmaachen

Israel huet elo ugekënnegt, vun dësem Mëttwoch u géif ee verschidde Grenziwwergäng, déi vun Israel kontrolléiert ginn, nees opmaache fir Hëllefsgidder duerchzeloossen.

Vun israeelescher Säit heescht et, och si géife just an déi zweet Phas vum Waffestëllstand iwwergoen, wann d‘Hamas déi lescht Geisel géif zeréckginn.