arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regimm am Iran ënner Drock – Lëtzebuerg weist Solidaritéit mam iranesche Vollek

International

|
headphones

1 min

Regimm am Iran ënner Drock – Lëtzebuerg weist Solidaritéit mam iranesche Vollek

Am Iran halen d‘Demonstratioune géint de Regimm net op. Den ieweschte reliéise Leader Ayatollah Khamenei huet an enger Ried erkläert, de Regime géif dësen Terroristen net noginn. Parallel huet de Khamenei den Donald Trump beschëllegt hannert den Demonstratiounen ze stiechen.

headphones

1 min

Iranesche Leader Ayatollah Khamenei adresséiert landeswäit Protester | © EPA/IRAN'S SUPREME LEADER OFFICE
Iranesche Leader Ayatollah Khamenei adresséiert landeswäit Protester (Foto: EPA/IRAN'S SUPREME LEADER OFFICE)

Am Iran ass den Internet weider gespaart. D‘Protester daueren zënter bal zwou Wochen. D‘Autoritéite gräifen haart géint d‘Demonstranten duerch. Iwwer 20 Doudeger goufe bis elo gemellt.

An engem Message op X huet de Premier Luc Frieden geschriwwen et géif een d‘Situatioun observéieren. Dat iranescht Vollek géif zënter Woche ganz couragéiert demonstréieren.

Lëtzebuerg wier mam iranesche Vollek solidaresch.