arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UNO-Weltsécherheetsrot stëmmt e Méindeg iwwer Friddensplang fir d'Gazasträif of

No Drock vun USA

|
headphones

1 min

UNO-Weltsécherheetsrot stëmmt e Méindeg iwwer Friddensplang fir d'Gazasträif of

Den UNO Weltsécherheetsrot soll e Méindeg iwwer e Resolutiounstext ofstëmme fir dem US.President Donald Trump säi sougenannte Friddensplang fir d‘Gazasträif ëmzesetzen. D‘USA haten an der Lescht Drock op den UNO-Sécherheetsrot gemaach, fir datt et séier zu esou engem Vott kënnt.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak)

Nieft dem Waffestëllstand, deen zënter iwwer engem Mount an der Gazasträif a Kraaft ass, géif déi US-amerikanesch UNO-Resolutioun, wa se ugeholl gëtt, och erlaben, datt eng international Stabiliséierungstrupp an der Gazasträif agesat gëtt.

Et gëtt awer Oneenegkeet iwwer déi amerikanesch Propos.

Eng Partie arabesch Länner hunn zwar hir Zoustëmmung zougesot, dorënner Ägypten, Katar a Saudi-Arabien. Mee Russland huet eng eege Resolutioun virgeluecht an der och eng Unerkennung vun engem palestinensesche Staat gefuerdert gëtt. Dat steet am amerikaneschen Text net dran.

Als permanente Member vum UNO-Weltsécherheetsrot huet Russland do ee Veto-Recht.