arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virun de Midterm-Walen: Elon Musk spent de Republikaner 276 Milliounen Dollar  

USA

|
reading time

6 min

Virun de Midterm-Walen: Elon Musk spent de Republikaner 276 Milliounen Dollar  

Den US-amerikaneschen Entrepreneur a Milliardär Elon Musk huet der Partei vum President Donald Trump bal 300 Milliounen US-Dollar gespent, fir si am Walkampf virun de wichtege Midterm-Walen an den USA ze ënnerstëtzen. D'Wale kéinten dem Donald Trump seng Handlungsfäegkeet massiv beaflossen.

reading time

6 min

Elon Musk (l.) an Donald Trump (r.) | © EPA/FRANCIS CHUNG / POOL
Elon Musk (l.) an Donald Trump (r.) (Foto: EPA/FRANCIS CHUNG / POOL)

Schonn am Presidentschaftswalkampf 2024 hat den Elon Musk den Donald Trump massiv finanziell - an och soss - ënnerstëtzt. Nodeems den Donald Trump nees zum President gewielt gi war, hat de Grënner vun Tesla an der Regierung d'Roll fir finanziell Kierzunge virzehuelen.

Dat als Deel vum Department of Government Efficiency (Doge). Ënner anerem d'Entwécklungshëllef gouf ënner dem Elon Musk massiv zeréckgefuer, wat grouss Protester ausgeléist huet.

Musk an Trump: Et ass "komplizéiert"

D'lescht Joer huet et dunn esou gewierkt, wéi wann d'Bezéiung tëschent dem Donald Trump an dem Elon Musk an d'Bréch gaange wier. 

Den Tech-Milliardär an den US-President ware sech iwwer e Steiergesetz net eens, wouropshin den Elon Musk ëffentlech behaapt huet, datt den Donald Trump ouni seng Hëllef net erëmgewielt gi wier. Deem seng lapidar Äntwert: Den Elon Musk wier just rosen, well d'Subventioune fir Elektroautoe gestrach gi wieren.

Offiziell hu sech déi zwee nees ausgeschwat, hir Bezéiung gëllt zënterdeem awer als ofgekillt. 

Anscheinend awer net genuch, fir datt den Elon Musk de Republikaner nees massiv finanziell ënner d'Äerm gräift an domat och den aktuellen US-President ënnerstëtzt. 

Ëm wat geet et bei de Midterms iwwerhaapt?

Bei de Midterms gëtt iwwer dat ganzt Representantenhaus an en Drëttel vum Senat ofgestëmmt. D'Representantenhaus, wéi och de Senat sinn Deel vum amerikanesche Kongress a stellen d'Legislativ vum Land duer. 

Am Representantenhaus sëtze 435 Deputéierter aus genee esou ville Walbezierker. Si sinn op zwee Joer gewielt. 

Am Senat sëtze par contre 100 Senateuren. Zwee pro amerikanesche Bundesstaat. All zwee Joer gëtt en Drëttel vun de Senateuren nei gewielt. 

Den Ament hunn d'Republikaner a béide Kammeren d'Majoritéit. Wann d'Demokraten dee status quo bei de Midterms dréine kéinten, kéinte si méi einfach Gesetzer vum US-President blockéieren an d'Regierung a Kommissioune besser kontrolléieren.

Den 3. November ginn d'Midterm-Walen ofgehal.