Konkret Mesuren, wéi d‘Regierung d‘Baueren zu Lëtzebuerg weider wëll ënnerstëtzen, goufe kéng annoncéiert. Doriwwer soll eréischt um Landwirschaftsdësch, de 4. Mäerz, méi am Detail geschwat ginn.
D'Landwirtschaftsministerin Martine Hansen huet gëschter awer nach emol betount. Anescht wéi am Ausland géifen zu Lëtzebuerg kéng Subside fir d'Bauere gestrach ginn. De Premier Luc Frieden sot, d'Bauere wieren e wichtege Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Ekonomie, an d'Regierung wéilt mat de Baueren zesumme schaffen, a näischt vun uewen erof diktéieren.