Vill vun hinne géife scho ronn 2 Joer op ee Retour zu hirer Asyldemande waarden, wat vill Ongewëssheet mat sech brénge géif. Elo bräichten si eng Zukunftsperspektiv, sou d’Fuerderung vun de Syrer.
No der Chute vum President Bashar al-Assad huet ënnert anerem och Lëtzebuerg decidéiert, Honnerten Dossiere vu syreschen Asyldemanden ze suspendéieren. Elo fuerderen d’Demandeuren, datt dat nees opgehuewe gëtt.
Op Nofro hin huet den Inneministère confirméiert, datt et hei awer nach keen neie Moment gëtt an den Traitement vun den Asyldemanden aus Syrien nach ëmmer bis op Weideres gepaust gëtt.