Radioen

On air

Moiesstudio  |  EU-Erweiderung: "Bis 2030 nei Memberen ass net onrealistesch"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kurden zu Lëtzebuerg fuerderen een autonoomt Gebitt a Syrien

Manifestatioun

Kurden zu Lëtzebuerg fuerderen een autonoomt Gebitt a Syrien

Virum tierkesche Konsulat an der Stad huet de Samschdeg Mëtteg déi kurdesch Communautéit hei am Land manifestéiert. D'Manifestatioun gouf vun déi jonk Lénk matorganiséiert.

auto_stories

1 min

Kurden zu Lëtzebuerg demonstréieren | © Dilsad Emevi
Foto: Dilsad Emevi

Si huet dobäi en Appell lancéiert, fir datt aus der Regioun am Norde vu Syrien, an där d’Kurden an der Majoritéit sinn, en autonoomt Gebitt gëtt. No der Chute vum Diktator Baschar al-Assad hoffen d’Kurde bei eis op eng demokratesch a liberal Gesellschaft a Syrien.