Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verstäerkt Sonneneruptiounen stelle keng Gefor fir d'Mënschen duer

NASA

Verstäerkt Sonneneruptiounen stelle keng Gefor fir d'Mënschen duer

Wéi d’NASA matdeelt, gouf dëse Weekend eng vun den heftegste Sonneneruptiounen an de leschte Joren observéiert. Nodeems et e Freiden ee relativ staarken Ausbroch gouf, gouf et an der Nuecht op e Sonndeg nach ee liicht méi klengen Ausbroch.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / Zoonar | Andrey Nyrkov play_arrow
Foto: picture alliance / Zoonar | Andrey Nyrkov

Wann et zu sou enger Sonneneruptioun kënnt, gi Partikele vun der Sonn an de Weltall geschleidert, an deemno och Richtung Äerd. Fir d’Mënsche besteet hei keng Gefor, et kann awer zu Auswierkungen op Stroumreseaue kommen. 

Maximum vu Sonnenaktivitéit

Ëmmer rëm observéiert d’NASA mat speziellen Teleskoper Sonneneruptiounen. Eréischt zejoert huet d’Weltraumagence festgestallt, datt d’Sonn esou aktiv wéi scho laang net méi ass. A sougenannte Sonnenzyklen, déi sech ongeféier all eelef Joer widderhuelen, ginn et Phase mat méi staarker a méi schwaacher Aktivitéit. Aktuell ass d’Sonn no um Maximum wat déi Aktivitéiten ugeet.

Grondsätzlech geschitt Follgendes: wa sech ze vill magnéitesch Energie op enger Plaz am Plasma vun der Sonn ustaut, da gëtt dës Energie op ee Coup fräigesat. Milliarden Tonne vu geluedenen Artikele ginn da gläichzäiteg erausgeschleidert. Mat enger Vitess vu bis zu dausende Stonnekilometer.

Keng Gefor fir d'Mënschen

Fir d’Mënsche stellt dat awer keng direkt Gefor duer, well d’Äerd duerch hir Atmosphär geschützt ass. Trotzdeem kann ee sougenannte Sonnestuerm fir Problemer suergen. D’Partikele kënnen d’Magnéitfeld vun der Äerd verformen, wat zu Problemer an de Stroumreseaue féiere kann.

Och Navigatiounssystemer kënne gestéiert ginn. Wéini esou ee Sonnestuerm op d’Äerd treffe kann ass schwéier virauszeberechnen. Zwar kéint een observéieren, wann eng Sonneneruptioun geschitt, d’Partikele beweegen sech awer ënnerschiddlech schnell duerch de Weltraum, heescht et vun Experten.

Am beschten an de Polargebidder ze gesinn

Deemno kann et e puer Deeg oder nëmmen e puer Stonnen daueren, bis datt esou ee Partikel-Schauer op d’Äerd trëfft. Den Héichpunkt vun de Sonneneruptioune gëtt d’nächst Joer erwaart.

Vun der Äerd aus léisst sech dëse Phänomen iwweregens am beschte vum Norden aus beobachten. An zwar a Form vu Polarliichter. Virun allem an de Polargebidder, wou d'Feldlinne vum Magnéitfeld méi staark a Richtung Äerduewerfläch gebéit sinn, ass de Schutz vun der Äerdatmosphär manner grouss.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Wëssenschaft