Radioen

On air

Spektrum  |  Horse Jumper Of Love - Wink

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Meisch: Konditioune fir Subventioun sinn net erfëllt

Science Center

Claude Meisch: Konditioune fir Subventioun sinn net erfëllt

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet de Moien am 100,7-Interview widderholl: Hie wier net optimistesch, datt bis e Freideg een Accord fir eng nei Konventioun mam Science Center ka fonnt ginn. De Staat wier nämlech nëmme bereet, de Science Center weider ze subventionéieren, wann all d‘Konditiounen dofir zu 100 Prozent erfëllt sinn.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow

 

D'Konditiounen, fir weider ze subventionéieren, wieren den Ament net erfëllt, esou de Claude Meisch. De Ministère wier awer an enkem Kontakt mam Nicolas Didier, dem President an Direkter vum Science Center, respektiv der Firma GGM11. Mee et wéilt een net eleng mat him verhandelen.

Hannert dem beléifte Wëssenschafts-Zenter du Déifferdeng steet eng ASBL, an et wier gegeebenenfalls um Verwaltungsrot an de Membere vun där ASBL ze decidéieren, ob si mam Nicolas Didier wéilte weiderfueren oder net.

De Claude Meisch gesäit aktuell iwwerdeems keng Méiglechkeet, datt de Staat déi oppe Rechnunge vun 1,9 Millioune bezuele géif.

"Ech sinn net optimistesch, well ech mierken, datt mir zënter Méint ganz kloer gesot hunn, wat muss geschéien, an datt sech bis elo nach net deementspriechend do opgestallt ginn ass. Elo kann een natierlech nach soen, mir hunn nach bis e Freideg Zäit, mee ech géif gäre bis e Freideg an och dono gesinn, datt mir dat wat mir zesummen ausgemaach hunn, datt dat och respektéiert gëtt."

Mamer Lycée: Direkter muss déi Saach an d'Hand huelen

Wat d’Tensiounen am Mamer Lycée ugeet hofft de Claude Meisch weider op eng intern Léisung, déi déi Concernéiert selwer sollen zesumme fannen. 

"Mir si ganz laang engagéiert lo, scho méintlaang, soubal mir dat dote wossten, mat der Direktioun, mat den Enseignante, fir Weeër ze fannen an ze begleeden, datt si eigentlech selwer eens ginn. Dat ass meng Prioritéit." 

Wann de Claude Meisch géif gesinn, datt en "krasst Feelverhale vun der Direktioun" festzestelle wier, géif de Ministère natierlech och disziplinaresch oder aner Weeër goen. 

Dat géing een awer an deem Mooss haut nach net gesinn, esou den DP-Politiker. 

"Mäin Opruff ass kloer: Déi Leit, déi haut matenee streiden, musse sech beienee setzen a kucken, zesummen no vir ze goen. Dat ass natierlech och eppes, wat en Direkter muss an d'Hand huelen. Ech erwaarden dat och."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun
Wëssenschaft