Radioen

On air

Spektrum  |  Horse Jumper Of Love - Wink

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Science Center: Keen Accord mam Staat en Vue

Déifferdeng

Science Center: Keen Accord mam Staat en Vue

De President an Direkter vum Science Center, den Nicolas Didier, rechent net domat, datt dës Woch eng nei Konventioun fir de Science Center zu Déifferdeng ënnerschriwwe ka ginn, well him nach kee Projet de Convention géif virleien. Den Nicolas Didier seet awer am 100,7-Interview, hie wier iwwerzeegt, datt nach een Accord mam Educatiounsministère fonnt gëtt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Science Center | © Wikimedia Commons play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

De Ministère kritiséiert zanter Méint d'Gouvernance an d'Finanztransferte beim Science Center: Eng ASBL, déi bis elo vum Staat ënnerstëtzt gouf.

Konventioun leeft e Freideg aus

Den Nicolas Didier seet, de Science Center, dee vill vu Schoulklasse besicht gëtt, wier ouni staatlech Contributioun net iwwerliewensfäeg. Mëttlerweil wieren 80 Prozent vun den Ufuerderunge vum Educatiounsministère erfëllt, seet hien. Mee se géifen awer eréischt a Kraaft trieden, wann déi nei Konventioun ënnerschriwwe wier. 

D'Fro ass, ob béid Säite sech dës Woch nach eens ginn. Déi aktuell Konventioun leeft de Freideg aus, an et gëtt nach keen Accord fir eng nei Konventioun. Den Nicolas Didier ka keng zwee Poste méi gläichzäiteg besetzen: Wéi ee wéilt hien da behalen? 

"Da sinn ech hei Direkter a President. Dat heescht, ech muss mech elo entscheeden tëscht den zwou Positiounen. Eng ass remuneréiert, eng ass et net."

Hie misst sech nach iwwerleeën, ob hien eng Preferenz hätt, esou den Nicolas Didier: "Dat hänkt vum Accord of."

Staat refuséiert d'Bezuele vu Rechnungen

D'Fro vun de Posten ass awer net déi Wichtegst: Den Educatiounsministère refuséiert fir enger Gesellschaft vum Nicolas Didier (GGM11) Rechnungen an Héicht vun 1,9 Milliounen Euro ze bezuelen. KPMG huet d'Rechnungen e puer Méint laang analyséiert a konnt um Enn net confirméieren, datt déi richteg Unzuel u Stonne facturéiert gouf. Déi RTL-Informatioun krute mir confirméiert.

Den Nicolas Didier dementéiert, datt eppes duebel fakturéiert gi wier.

"D'Rechnungen si gëlteg, an et gëtt näischt an deene Rechnungen, wat déi Gültegkeet oder de Montant kéint a Fro stellen."

Den Educatiounsministère ass bereet, d'Personal vum Nicolas Didier senger Firma GGM11 ze iwwerhuelen an de Fonctionnement vum Science Center ze subventionéieren. Den Nicolas Didier seet awer, datt ouni déi aner Aktiva vun der Gesellschaft, den LSC net kéint funktionéieren a verlaangt och, datt hien déi Rechnunge vun 1,9 Milliounen Euro bezuelt kritt, wat de Staat refuséiert.

Een Accord ass domat nach net en Vue. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Wëssenschaft