Radioen

On air

Simon Says  |  Ian Pooley - Venasque

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Educatiounsministère hält weider um Science Center fest

Educatioun

Den Educatiounsministère hält weider um Science Center fest

Wéi Reporter.lu dës Woch gemellt huet, läit den Audit, deen de Ministère no engem Interessekonflikt gefuerdert hat, nach ëmmer net vir. Et war dat d‘Conditioun vum Ministère, fir de Projet iwwerhaapt weiderzeféieren.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Aktuell funktionéiert den Zenter zu Déifferdeng mat enger Iwwergangs-Konventioun, déi awer Mëtt Abrëll ausleeft. Den Educatiounsministère huet elo e weideren Iwwergangsbudget an Aussicht gestallt, mat och méi Zäit fir een Audit vun der Consultingfirma KPMG maachen ze loossen.

De Staat wéilt dëse Projet weider ënnerstëtzen, seet den Educatiounsminister Claude Meisch.