Radioen

On air

Spektrum  |  Horse Jumper Of Love - Wink

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zu Lëtzebuerg entwéckelte Mound-Rover gouf virgestallt

Weltraum

Zu Lëtzebuerg entwéckelte Mound-Rover gouf virgestallt

iSpace Europe, déi Lëtzebuerger Duechter vum japaneschen iSpace-Konzern, huet um Donneschdegmoien e Rover virgestallt, deen hei am Land entwéckelt a gebaut ginn ass, an deen nach virun Enn dës Joers op de Mound bruecht soll ginn.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Zu Lëtzebuerg entwéckelte Mound-Rover gouf virgestallt | © Embassy of Japan in Luxembourg play_arrow
Foto: Embassy of Japan in Luxembourg/X

Dës éischt Missioun wäert bei dëser Première virun allem dora bestoen, ze weisen, wat méiglech ass mat deem klenge 55 Zentimeter laangen an hallef esou héije Gefier, dat op den Numm “Tenacious” (op Lëtzebuergesch: zéi) gedeeft ginn ass.

Den éischte Client kënnt aus Schweden

Dat éischt Zil vun iSpace wier et ze weisen, datt ee capabel ass, esou ee Rover um Mount ze landen an ze fueren, seet de Julien-Alexandre Lamamy, CEO vun iSpace Europe. Mee och fir dësen Test hätt ee schonn eng "charge utile" vun engem schwedesche Client.

"(...) Un équipement fourni par ce client, et on prend une photo. Ensuite, on a la NASA comme client. Et là, ce qui est intéressant, c'est qu'on ne parle plus de livraison d'équipement, mais on parle de collection de sols lunaires, ce qu'on appelle du régolithe."

Lauschterenplay_arrow

Eng éischte Kéier vum Gesetz vun 2017 Gebrauch maachen

De Kontrakt wier zwar op ekonomeschem Plang net immens zolidd, mee hätt ee grousse symbolesche Charakter, sou de Julien-Alexandre Lamamy "parce qu'on va, de par ce contrat, tester pour la première fois la loi 2017 du Luxembourg sur les ressources spatiales."

Mat deem Gesetz vun 2017 ass e legale Kader geschaf ginn, fir d’Exploitatioun vu Ressourcen am Weltraum ze reegelen. Lëtzebuerg war no den USA dat zweet Land op der Welt, dat sech esou e Gesetz ginn huet.